Apropos vum Michèle SchonsOp der selwechter Wellelängt?

Si mer eigentlech all op der selwechter Wellelängt, oder wien tickt anescht? Dat huet d'Michèle Schons sech gefrot...

Apropos - Op der selwechter Wellelängt?


Mir si jo meeschtens gären entouréiert vu Leit déi t'selwecht ticken wéi mir... dat gëllt zum Beispill wa mer zu dem selwechte Fussballclub halen, ganz egal op mer iwwerhaapt Fussball spillen oder net, et gëtt vun de Frënn a Bekannten erwaart dass se grad esou mat de Féiss um Buedem stinn, oder et gëllt fir de Chef, deen nëmme Mataarbechter astellt, déi genee esou uerdentlech, systematesch oder introvertéiert sinn wéi hien. An der Fuerschung heescht dës Virléift "Sozial Homophilie", e Phenomen nom Prinzip "Gläich a Gläich gesellt sech gären" an dat Ganzt ass esou normal wéi problematesch. Well éischtens ass dat Verhale guer net richteg bewosst, an zweetens féiert e gären zu Ignoranz a Scheiklappen-Denken. Souguer déi Leit déi sech als weltoppen duerstellen hu meeschtens d'Tendenz fir sech mat Leit opzehalen déi t'selwecht ticken an sech fir déi selwecht Saache begeeschteren. An da klappe mer eis all op d'Schëller an téine wéi weltoppen an tolerant mer dach sinn. Eigentlech sollt ee jo mengen dass mer an der Generatioun déi global denkt, a wou et Internet gëtt e gutt Stéck weider wären...? Besonnesch déi sozial Netzwierker suerge fir Grenz- a Kultur-iwwergräifend Kontakter mat der ganzer faarweger Welt. Sollt ee mengen... ma eigentlech stëmmt dat guer net a grad den Internet verstäerkt déi sozial Homophilie duerch kollaboratiivt Filteren.
Dir kennt dat jo selwer.. wann der bei Amazon e Buch bestellt, da kritt der eng ganz Panoplie vu Bicher gewisen déi eng ganz Rëtsch vun anere Clienten och kaaft hunn, oder wann der op engem Musek-Site eppes lauschtert, da recommandéiert de System iech automatesch Musek déi Leit mat dem selwechte Goût och gelauschtert hunn. Esou kënne mer eis ouni Problem an eisem eegene Feedback-Krees beweegen, amplaz eng Kéier aus der Komfort-Zone erauszeklammen. Wéi wär et zum Beispill mat enger Propose: Probéiert mol dat Buch hei et ass dat meeschtverkaafte vun deene Bicher déi nach kee Mënsch kaaft huet, deen och dat Buch kaaft huet, wat dir kaaft hutt...
Permanent aus de Gewunnechten ausbrieche packt natierlech kee Mënsch, ma heiansdo sollt een awer mol seng Fënster opmaachen a lëften... Esou wéi e Kolleg vun engem Kolleg, deen ech net kennen a vun deem ech Leschtes héieren hunn dass en seng Mëttespausen ëmmer ganz strategesch plangt: Amplaz ëmmer mat deene selwechte Leit um Dësch ze sëtzen, rifft en interessant Leit un a freet op se net Loscht hu mat em iessen ze goen. Seng éischt Fro beim Dësch: Ween ass eigentlech deen interessantste Mënsch deen s de an deene leschte Woche kennegeléiert hues, a wéi kann ech dee kenneléieren? An esou ësst e Woch fir Woch mat neie Leit ... genial, oder?

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.