Apropos vum Gibbes BertoloD'A ësst mat

Geschwënn ass nees déi grouss RTL-Dictée. Eng gutt Geleeënheet fir sech mol nees eng Grimmel mat eiser Schreifweis ze beschäftegen.

08/11/2017 Apropos: D'A ësst mat


Jo, ech ginn et zou: Ech hunn eng Zäitche gebraucht, fir déi al agesiesse Reflexer opzeginn a mech mat enger neier Gewunnecht vertraut ze maachen. An et deet mer haut net Leed. Richteg Lëtzebuergesch schreiwen ass keng Hexerei. Datt engem an der Hetz och alt mol deen een oder anere Feeler/Fehler geschitt ass mënschlech an nëmmen normal.
Wann een awer, looss mer mol soen: op d'mannst e puer Méint Zäit huet fir 1 klengt Wuert richteg ze schreiwen (andeems een et virdrun einfach nosicht oder bei engem, dee Bescheed weess, nofreet) an et dann awer fäerdeg bréngt, dat klengt Wuert falsch ze schreiwen, da mécht dat mech … neen, net rosen. Traureg.
Ëm wat geet et? Abee, ech war leschte Weekend mat Frënn an engem Restaurant. Vergiesst et, ech soen Iech net wou et war. Dee Restaurant gëtt et iwwregens nach net immens laang. En huet e lëtzebuergeschen Numm. Fannen ech gutt, zemools deen Numm, lokal gesinn, dann och nach passt ewéi d'Fauscht op d'Aen. Just, an dat ass mir eben mol direkt opgefall, huet sech an deem Numm, direkt ganz vir, e Feeler ageschlach. Op der Menüskaart, op den Telleren, iwwert der Haaptentrée, op der Internet-Säit. E klenge Feeler, net méi ewéi 1 Buschtaf, an awer musse Punkten ofgezu ginn.
Schued. Net méi an net manner. E klengen Detail. Keng Affär a scho guer keen Drama. An awer soen ech mer: dat hätt net misse sinn. Dee klengen Effort, fir nozekucken oder nozefroen, hätt een am Virfeld sollte maachen. Chance verpasst.
Ech weess, et geet et jo net an de Restaurant fir ze liesen, mä fir gutt z'iessen.
An dat war sonner Zweiwel de Fall. Mir hu wonnerbar giess. Dorëms ass et jo am Endeffekt och gaangen. Mä et et ass jo gewosst: d'A ësst mat ...

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.