Apropos vum Christiane KremerSonndes Owes

De Méindeg Moien ass net déi schéinsten Zäit vun der Woch, gutt wann ee sech da sonndes owes scho gutt preparéiert huet. Mä och de Sonndeg Owend huet esou seng falen, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

Et ass d'Enn vum Weekend, meescht e gemittlechen Ofschloss, e rouegt Erauskommen aus zwee Deeg privat Sinn. An ier ee sech nees physesch a psychesch op dat astellt, wat mam Méindeg Moien erëm kënnt, sicht ee sech e kuerzt Ofschalten, sou eng Twilight-Zone tëscht Relaxen a Schaffen. Tëscht de Kapp-fräimaachen an de Kapp-nees-konzentréieren.
Déi Twilight-Zone fëllen ech nawell gär mat Biller, dacks där am Kino oder där ongezwongener doheem op der Couche beim Schlappekino, wéi mer sou schéi soen. An, bestëmmt ass dat bei ville vun iech och de Fall, ass de Sonndeg Owend véierel op 8 de Rendez-vous mat der däitscher Klassiker-Serie "Tatort". Ech muss allerdéngs zouginn, datt ech déi Gewunnecht an de leschte Méint ëmmer méi verluer hunn. Dat kann un de Krimie leien oder einfach nëmmen u menger Disponibilitéit dofir. Leschte Sonndeg no engem laangen a gutt gefëllte Weekend, hat ech mol nees de Reflex um véierel op 8 anzeschalten.
Scho vum éischten Ament un war et esou anescht: d'Ambiance op der Tëlee an déi doheem an der Stuff. Quasi zäitgläich mat der männlecher Gewalt géint déi ëmmer chic, cool a souverän Kommissärin koum déi traureg SMS eis fréier Aarbechtskollegin wier gestuerwen.
Op eemol war déi gewinnten Twilight-Zone eng ongewinnte ginn. En emotionalen Op an Of. Op der enger Säit d'Trauregkeet an op där anerer Säit eragezu ginn an déi verzweiwelt Sich nom Responsabele vum Krimi-Mord. Elo kënnt der natierlech soen, wat e Verglach: dat eent ass d'Realitéit, dat anert nëmmen e Film. Dat stëmmt an awer, de Krimi goung mat Froen aus, ouni Täter, mat enger Referenz op en authenteschen net geléiste Fall, mat enger Haaptprotagonistin, där een Verzweiwelung physesch ofgesinn huet. Wéinst dem Versoen op professionellem Plang an der Péng no der Gewalt géint si selwer.
Den Tatort vum Sonndeg war haart a realistesch an onheemlech aktuell, och wann e laang ofgedréint war ier den #me-too opgetaucht ass.
An dat ass net nëmmen e Film.

Apropos: Sonndes owes



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.