Apropos vum Sandra MélanHannert d'Façade kucken

Sech Zäit huelen, säi Géigeniwwer besser ze verstoe respektiv Empathie si wichteg Komponente fir falsch Impressiounen a Meenungen ze verhënneren. Ënnert anerem an der Thematik iwwer d’Flüchtlinge wär dat och hëllefräich.

Amnesty International huet mam Video „Look beyond borders“ op d’Problematik Flüchtlingen opmierksam gemaach. Och wann dee Video scho bësse méi al ass, ass et flott, datt iwwer de Wee vun de soziale Medien, och esou Videoen ëmmer mol erëm optauchen. A grad bei dësem Thema fannen ech et wichteg an eng gutt Geleeënheet fir op en Neits dorop zréck ze kommen.

Mat deem Video soll erreecht ginn, datt net einfach vun de Flüchtlinge geschwat gëtt, mee datt een och de Mënsch dobäi gesäit. Déi Persoun huet och Gefiller, Wënsch an Zieler. Si hunn Famill a Frënn … genee wéi mir all.

Fir dat Experiment, hunn sech all Kéiers 2 Persoune während 4 Minutte vis-à-vis vun enee gesat a sech dobäi an d’Ae gekuckt. Domat soll erreecht ginn, datt een deen aneren ebe mat aneren Ae gesäit. Fir dat Experiment sinn Europäer geholl ginn (aus Polen, Italien, Däitschland an aus der Belsch) an ebe Flüchtlingen, déi zënter manner wéi engem Joer an Europa liewe sinn.

Et gesäit ee gutt an deem Video, datt e bemol datt deem engen eng Tréin de Bak erof leeft, deen anere frëndlech awer verleeë laacht. Duerno sinn sech der an d’Ärem gefall an d’Kanner hunn einfach ugefaangen mat eneen ze spillen. D’Anonymitéit, Distanz an d’Skepsis si verflunn.

Dat ass och hëllefräich an alle Beräicher vun eisem Liewen. Et gëtt jo oft dovunner geschwat, datt d’Leit sech ëmmer manner fir déi aner interesséieren. Vill kennen hir Noperen net. Et gëtt een éischter zu enger Nummer. An dobäi huet dach jidderee säi Päckelchen ze droen.

Also firwat net erëm déi Iddi vun Amnesty International opgräifen an deen anere mol erëm bësse méi genee u kucken. Den Antoine de Saint-Exupéry huet scho gesot, datt ee nëmme gutt mat dem Häerz gesäit; dat Wichtegst kéinten d’Aen net gesinn. Wierder wéi Versteesdemech a Respekt kréien dann erëm eng gréisser Bedeitung an eiser Gesellschaft. Domatter ginn da éischter Brécke gebaut am Plaz datt een engem automatesch e Stempel opdréckt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.