Apropos vum Bea KneipDe Fräsch am gliddege Waasser

Am Apropos vun haut beschäftegt sech d’Bea Kneip mat enger Legend déi mer alleguer kennen: De Fräsch am gliddege Waasser.

16/11/2017 Apropos: De Fräsch am gliddege Waasser
.


Aus dem 19te Jorhonnert sinn eng Rei Experimenter iwwerliwwert bei deenen ënnersicht gouf wéi e Fräsch sech verhält wann en a kalem Waasser sëtzt dat dann no an no opgehëtzt gëtt. Meeschtens gëtt jo erzielt, dass de Fräsch géif eraussprangen wann en direkt a gliddegt Waasser gesat géif, wann en awer a kaalt Waasser kéim, dat ganz lues erhëtzt gëtt, géif en einfach sëtze bleiwen soulaang bis en doud wier. Virop gesot, schonn deemools war dat ëmstridden, an et sollt ee wierklech net probéieren dat Experiment ze widderhuelen!
Als Metapher huet d’Saach mam Fräsch a mam gliddege Waasser awer Carrière gemaach, an alle méigleche Kontexter.
An et ass jo tatsächlech esou: graduell Verännerungen huele mer dacks guer net wouer. Wann een zum Beispill als Elteren Leit begéint déi ee laang net gesinn huet, dann heescht et jo normalerweis: “wat sinn déi Kanner grouss ginn!” Selwer huet een dat guer net an uecht geholl, et gesäit een den Nowuess jo all Dag.
Oder d’Saach mat den Insekten: et vermësst een se jo net ëmmer, besonnesch déi di picken oder nerven. Mä dat se sech no an no ëmmer méi rar maachen, muss engem ze denke ginn. Ech selwer hunn dat eréischt de läschte Summer an uecht geholl. E puer Päiperleken haten sech afonnt fir op engem Lavendelstrauch ze dinéieren, an dunn ass mer eréischt opgefall, dass ech der scho laang keng méi gesinn hat. Op alle Fall kee Verglach mat menger Kandheet, wou se zu engem Summerdag gehéiert hunn, jo wéi wat? Wéi d’Beien, d’Harespelen, d’Mustiken? Oder wéi d’Schmuebelen déi di kleng Krabbeldéiere jo brauchen, fir dass och hiren Dësch gedeckt ass?  
Et ass also sécher net vu Muttwëll, wann een och op kleng Verännerungen oppasst, a probéiert fréi genuch géigenzesteieren, ier een eng béis Iwwerraschung kritt. Mä dat schénge mir Mënschen iergendwéi net richteg hinzekréien, mir sinn nämlech enorm gutt doran fir d’Aen esou laang fest zouzemaachen bis mir e Problem net méi ignoréiere kënnen.
Mä déi Saach kann een och ëmdréinen: mat klenge Schrëtt, ee Fouss virun den aneren, um richtege Wee,  kann een heiansdo grouss Verännerungen erreechen. Et kéint ee jo emol probéieren! 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.