Apropos vum Guy SeylerSo mir wat’s du ëss, an ech soen dir, wien's du bass !

Sidd dir fäerdeg mat iessen? Huet et Iech geschmaacht?Ech ginn zou, dat sinn e puer indiskret Froen.Dir braucht mir duerfir och net ze äntweren.Eppes géif mech awer interessieren:Hutt dir och dru geduecht fir eng Foto vun ärem Plat op Facebook ze posten. Dat mécht een haut esou, mengt de Guy Seyler am Apropos.

Apropos "Iessen op Facebook" vum Guy Seyler.



Op Facebook ginn et e ganze Koup Leit, deenen huet d’Iessen net geschmaacht, wann si net eng Foto dovun an d’Welt eraus gepost hunn. En décke Bifdeck, eng fetteg Héiss, eng Pizza, egal wat, et gëtt sech matgedeelt. Anscheinend soll a muss hautdesdaags jidderee wëssen, wéini ee wat, wou ësst.

Ech soen et hei direkt: Mech interesséiert dat keng Boun. An ech liken et och net. Ech hunn och nach net eraus fonnt, wat domat bezweckt gëtt.

Als klenge Bouf war ech vill bei menger Boma. An déi war net mat Zoossissen ugestréckt. Duerfir war d’Auswiel um Dësch och net grouss. Awer vläicht méi gesond wéi haut. Eng Kéier hat den Nopeschjong, mat deem ech gespillt hunn, gefrot, wat mir Mëttes z'iessen haten.

„Dat seet een net,“ sot meng Boma mir a strengem Toun. „Wat bei eis op den Dësch kënnt, geet keen eppes un.“

 D’Zäiten hu geännert. Vläicht ass et haut jo esou, datt ee weise wëllt, wat een sech alles leeschte kann ? Vläicht wëllt ee mam Menü säi Goût, säi Liewensstil a seng Individualitéit ënnersträichen ! Oder gëtt hei gewisen, wéi déi aner eis solle gesinn?

Eigentlech ass dat ganzt nëmmen eng logesch Konsequenz vun de soziale Medien. Wann ee säi ganzt Liewen ëffentlech ausbreet, da gehéiert d’Mëttegiessen och derzou.

Mat „Foodporn“ huet dat ganzt och schonn en Numm kritt. Wéi een eng richteg Foto vu sengem Teller mécht, duerfir fënnt een um Internet eng Hellewull Uleedungen.

Amerikanesch Fuerscher hunn erausfonnt, datt d’Iesse besser schmaacht, wann een et virdru fotograféiert. D’Virfreed ass dann och  méi grouss. Ech loosse jidderengem déi Freed. Mee verschount mech dermat.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.