Apropos vum Camille NeyZiel emol bis 3!

Stauen op eisen Autobunne gehéiere mëttlerweil zu eisem Alldag! Et ass scho bal en Hobby am Stau ze stoen! De Camille Ney wëll elo emol guer net op de wirtschaftleche Verloscht vun där verluerener Zäit am Auto agoen, mee méi op d’Ursaache vun deene verkéierstechnesche Kniet…

22/11/2017 Apropos: Ziel emol bis 3 12h50


Samsdes Mëttes hallwer eng, bloen Himmel an d’Sonn laacht iwwer Bierg an Dall – e perfekte Weekend! Ech fueren op d’Autobunn a pang – scho steet de Buttek an ech sti Stousstaang géint Stousstaang mat honnerten aneren Automobilisten an der Autospolonäse. Eng Bunn ass zou, wéi de Panneau mir uewe seet: nach 8 Kilometer! An 2 Richtungen ! Accident ? Chantier ? Solle mer Plaz an der Mëtt maachen ? Keng Informatiounen – e geheime Stau !

Wéi ech dunn no enger halwer Stonn un d’Wuerzel vum Problem kommen : an der Mëtt vun der Autobunn ginn Hecke geschuer ! Schéi gemittlech, eng Säit ewéi déi aner! Vun enger Minutt op déi aner fänkt d’Blutt un ze kachen, den Hals schwëllt an Du hëls schonn den Handy an de Grapp fir Denger Roserei an de sozialen Netzwierker fräie Laf ze loossen? Firwat musse mir Planzen oder Hecken an der Mëtt vun der Autobunn hunn? Geet rieds a lénks net duer? Wat maachen déi Planzen eppes mat! De permanenten CO2 riicht an d’Gesicht! Guer net ze schwätze vun de bal eidele, zockerséisse Gedrénks-Fläschen, dem Offall, der batterer Sonn am Summer an dem Salz am Wanter! Dat musse knëppelhaart Planze sinn – bei deem Dopping! Stellt Iech emol vir, déi missten och nach genat a gedüngt ginn – do wier der Däiwel lass! Mee si wuessen och esou, a mussen also geschnidde ginn, mam Kollateralschued vum Stau an all Himmelsrichtung!

Wéi ech dunn no all där kollektiv gedeelter Roserei doheem ukomm sinn, hunn ech dunn awer emol aus dem Virwëtz eraus gegoogelt, firwat eigentlech an der Mëtt vun enger Autobunn Hecken oder Planze musse stoen an dunn hunn ech dat hei erausfonnt: a verschiddene Länner goufen déi schonn ofgeschaaft, well se ökologesch net wäertvoll sinn! Déi di dat net maachen, hu gutt Argumenter: d’Hecke wäerten eis Stroossen optesch op an déngen als Blendschutz. Esou Planze kënnen och op Plazen effikass géint de Wand an de Kaméidi sinn. Si leeden den Automobilist, deen duerch déi Hecken d’Distanz an d’Vitesse besser kann aschätzen. An dat Gréngs suergt anscheinend och fir en entspaant Klima am Auto, beim Chauffeur a beim Bäifuerer !

Wéi ech dat gelies hunn, hunn ech scho gemierkt, dass ech mech fir näischt opgereegt haat! Mäi Bols ass nees erof gaang ! Ech gouf richteg Zen, konnt de Weekend a vollen Zich genéissen an hu mir geschwuer, ech géif mech déi nächste Kéier am Stau net méi esou liicht opreegen! Duerfir: zielt och emol bis 3! Gutt dass mir driwwer geschwat hunn!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.