Apropos vum Marie GalesKueben

Kee kann dës Villercher leiden, ausser d'Marie Gales...

29/11/2017 Apropos Kueben


Hunn ech mol d'Impressioun. Ech krut vun Teenager e Kueb geschenkt, nee kee richteg Liewegen an och keen Ausgestoppten..ëm Gottes Wëllen! Nee e Gebastelten. E steet elo op mengem Bureau hei um Radio a vill vu menge Mataarbechter hu schif op mäi Kaddo gekuckt a gefrot, wéi ech dann dorunner géif kommen? Och eng Rosa Flätsch, déi ech him ugedoen hunn, konnt mengem klenge Gesell keng weider Sympathie entgéint bréngen. Ausser eisem Sproochmates Alain Atten, deen awer fonnt huet, dass de Schniewel net richteg wier fir e Kueb, konnt kee sech fir mäi Villchen erwiermen.
Ech froe mech firwat, déi meescht Leit eng Ofneigung vis-à-vis vu Kueben hunn? Dës Déiercher sinn ëmmer an der Trendfaarw schwaarz a sinn déi Villercher mat der gréisster Intelligenz. Si verstoppe Fudder, baue sech klengt Handwierksgeschir fir u Fudder erunzekommen, dat heescht si erkenne wéi een un en Zil kënnt. Kuebe kënne sech souguer am Spigel gesinn a wann ee ganz vill ma hinnen trainéiert, kéinte se souguer schwätze léieren. Ok si hunn elo net déi schéinste Stëmm a kënne mat hirem Krächzen engem ferm op d'Nerve goen, zemools wann een nieft eng Kolonie Kuebe wunnt.

Mä vläit geet et dem Kueb wéi dem Wollef, och deem säi Ruff ass jo net dee Beschten. Grad wéi de Wollef kommen d'Kueben och a Märecher schlecht ewech; stierft iergendwou een, dann dréinen d'Kueben hir Ronnen an der Géigend. Oder Hexen an Hexemeeschter hate, wann net grad eng schwaarz Kaz, ma dann e Kueb op der Schëller sëtzen. 
Ma Kueb ass awer net gläich Kueb, et ginn immens vill Zorten an da ginn et jo och Kréien, déi grad wéi d'Kueben zu der Famill vun de Kuebevillecher zielen. 42 Zorte sollen et ginn, op der ganzer Welt ausser a Südamerika. De Blokueb gesäit immens echt aus, mat senge bloe Fiedere ronderëm d'Aen an de Schniewel vum Erzkueb ass bombéiert wéi eng Cacahuète. Ma den Impressionansten ass de Kolkrabe, Ramm op Lëtzebuergesch. Bis zu 70 Zentimeter kann dee grouss ginn an annerhallwe Kilo schwéier. Et ass virun allem deen, deen d'Leit am meeschte fäerten a säi Optrëtt an Horrorgeschichten oder Filmer huet.

Ech fannen dat immens wann e Kueb doruechter trëppelt, richteg stolzéiert an dann nees majestéitesch seng Flilleken ausbreet an ofhieft. Dacks gesinn ech dat zu Lalleng, och do ginn et an deene héije Beem vill Kueben an dernieft gëtt et och e Supermarché. Natierlech hat dee grousse Villchen et séier spatz, dass do dacks gegrillt gëtt a sou Munches ewech geworf. Jo, et gesäit e bëssi aus wéi am Alfred Hitchcock sengem Film ''The birds'' wann si sech sammelen a waarde bis nees eppes um Buede läit.
Un Iech ze decidéieren wien nach eppes misst bäibruecht kréien!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.