Apropos vum Yann LogelinKee Black Friday ouni Thanksgiving w.e.g

Haut ass e Feierdag, e wichtege Feierdag, dee mer hei zu Lëtzebuerg awer "nach" net feieren. En Apropos vum Yann Logelin:

23/11/2017 Apropos: Kee Black Friday ouni Thanksgiving w.e.g


Haut ass Thanksgiving, Erntedank an den USA, e Fest, wat villen Amerikaner méi wichteg ass ewéi Chrëschtdag, e Fest, wat an den USA ganz dacks déi grouss Familljefeier um Enn vum Joer ass.
Fir d'éischt gëtt Dinde generatiounsiwwergräifend auserneegeholl, mat Mais, Gromperen a soss Ëmgeréits bis de Knapp vun der Box opplatzt. Duerno gëtt Football gekuckt, déi amerikanesch Versioun dovunner wuelverstanen an da gëtt gerascht, well den Dag drop muss den Amerikaner fit sinn.
Thanksgiving ass ëmmer Donneschdes an de Bréckendag nom Fest ass den Optakt vum Christmasshopping an de States, de Black Friday. Do iwwerbidde sech an den USA d'Butteker géigesäiteg mat Promoen a Prozenter, offréieren deels Remisen ewéi et soss am ganze Joer net gëtt an dat gëtt vum amerikanesche Konsument natierlech belount. Zu hirer Millioune stiermen Amerikaner an Amerikanerinnen um Black Freideg d'Konsumtempelen an hiren Dierfer a Stied oder op der grénger Wiss virdrunner.
An vun do kann een an dësem Joer relativ einfach de Bou an Europa an do méi präzis op Lëtzebuerg schloen. Nodeems Halloween fir de Commerce ewell ausgedéngt huet an als Trend klasséiert, jo bal scho komplett vergiess ass, huet de groussherzoglechen Handel de Black Friday entdeckt.
Virun zwee Joer huet kaum e Buttek dru geduecht de Freideg no Thanksgiving aktiv ze promouvéieren, d'lescht Joer waren et der vereenzelter an dëst Joer maachen all d'Geschäfter mat. Déi Impressioun kann een op mannst emol hunn, wann een dës Woch d'Publicitéit an der Press an um Radio suivéiert.
D'Fro stellt sech awer: Firwat??? Mir hu keng Méiglechkeet en Bréckendag ze huelen, well do feelt de Feierdag.
Léif Geschäftswelt, léif Commerçanten, duerfir hei e klengen Appel:
Fir dëst Joer ass et wuel ze spéit, mä wann dir am nächste Joer nach emol mat eis Black Friday feiere wëllt, da suergt – a virun de Wahle wier dat och vu politescher Säit aus e schicke Geste – duerfir, dass de 4. Donneschdeg am November zum gesetzleche Feierdag gëtt, dass mer do alleguerten zesumme Merci fir d'Rekolt vun dësem Joer däerfe soen – also Thanksgiving feieren – an da kënne mer och alleguerten zesummen um Bréckendag hannendrun eis Suen op Black Friday bei iech an de Geschäfter ausginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.