Apropos vum Rich SimonD'Lëtzebuerger Sprooch

Am Apropos vun haut dréit sech alles ëm d'Lëtzebuerger Sprooch. Oder wéi se haut dacks interpretéiert gëtt. De Rich Simon huet sech doriwwer e puer Gedanke gemaach.

Den Ament schéngt et bei eis am Land eng Tendenz ze ginn, dass ee bal alles vum Lëtzebuergeschen an d'Englescht muss iwwersetzen. Viru kuerzem souz ech un engem Dësch, wou ee Mann voller Houfert gesot huet, dass säi Bouf mat 25 Joer CEO vun enger Startup wier. Ech duecht Wow. CEO, also Chief Executive Officer vun enger Startup. Dee muss gutt si mat 25 Joer. Op eemol huet eng Fra, déi och um Dësch souz, de Mann gefrot, wéi vill Leit da géifen an där Startup schaffen. D'Äntwert war 2. Säi Bouf an ee vu senge Kollegen. Dat huet dat Ganzt scho béis relativéiert. Eng däitsch Statistik seet nämlech, dass 80 Prozent vun de Startups bannent 3 Joer mussen zoumaachen a just 10 Prozent méi oder manner Succès hunn. Op englesch kléngt CEO vun enger Startup awer anscheinend besser, wéi wann s de sees, dass de Bouf Chef vun engem 2-Mann-Betrib bass, dee wahrscheinlech bannent kuerzer d'Zäit an d'Faillite geet.

A villen Ouere kléngt et och besser, wann een en Event organiséiert, wou eng Avenue mat Foodtrucks ass, déi e richtegen Eye-Catcher sinn, wéi wann s de sees, dass de ee Bal organiséiers, wou e puer Frittebude stinn.

Let's go local an der Box gëtt, esou menger der sécher e puer, méi hir, wéi ee lokale Maart an der Ausstellungshal.

Eng Afterwork-Party léist sech doheem och besser verkafen, wéi wann's de sees, dass de mat denge Kollegen no der Aarbecht ee buutze gees.

Ech perséinlech freeë mech elo schonn op eis "Ugly Sweater Xmas Party" hei bei eis an der RTL City. Do wäerte mir dann ee Walking Dinner zerwéiert kréien, wou all Foodblogger Freed hätt, fir driwwer ze schreiwen a wou mir alleguerte smart casual ugedoe sinn an den DJ  hip Musek spillt, fir dass och jiddwereen op den Dance Floor geet an do of groovt.

Fir Heem féiert kee Wee laanscht den Night Rider oder de Late Night Bus. Well dir wësst et... Don't Drink and Drive...

A wéi all Joer ass den Hangover deen Dag drop och dëst Joer nees virprogramméiert...

An deem Sënn...Cheers...op eis Lëtzebuerger Sprooch.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.