Apropos vum Daniel NepgenIdentitéit

Op Netflix kann een den Documentaire "Jim & Andy" kucken. Dee weist, wat hannert de Kulisse bei den Dréiaarbechte vum Miloš Forman sengem Film "Man on the Moon" am Joer 1999 geschitt ass.

Den Jim Carrey war mat Leif a Séil an d'Roll vum verstuerwene Komiker Andy Kaufman erageklommen. D'Verwandlung war esou perfekt, dass hien och an der Roll bliwwe war wéi d'Kamera aus war.

28/11/2017 Apropos: Identitéit


Laange Baart, laang Hoer. Am Documentaire gesäit deen als komesche Kauz bekannten Jim Carrey aus wéi e Mann, dee sech vun allem lassléise wëll. Dat ass de Carrey haut, deen d'Videomateriel vun 1999 kommentéiert, an deem een hien tëscht de Filmopname gesäit d'Roll bis un d'Äusserst ausreizen. Hien ass haut effektiv net méi dee selwechte wéi virun 1999. D'Rolle goufen ëmmer méi kleng, e gouf méi nodenklech a stellt haut seng ganz Existenz a Fro. Emol vun den Héichten an Déiften a sengem Privatliewen ofgesinn, war et déi total Verkierperung vum Andy Kaufman, déi hie verännert huet. No de méintelaangen Dréiaarbechten, bei deenen hien 24/24 an der Haut vum Kaufman war, wousst hie selwer net méi, wien hie wier.

Wéi hien erëm den Jim Carrey wollt sinn, war et schwéier deen erëm ze fannen. Aus der haiteger Perspektiv mengt hien dofir, dass dat, wat mir mengen ze sinn, just e Konstrukt ass. Säi ganzt Liewe laang hat hien drop hi geschafft, fir Succès ze hunn an d'Leit ze beandrocken. No engem Liewen, wou de Fouss permanent um Gas war, huet hie fir sech entdeckt, dass alles just waarm Loft ass. Den Ego, eis Identitéit u sech, ass senger Meenung no nëmmen eng Illusioun. Eng vu villen Iddien. Als Beispill hëlt hie Kollegen, déi him dacks gesot hätten si wéilten hiert Liewen net méi esou weider liewen oder si géinge sech heiansdo selwer net méi erëmerkennen. Hien huet hinne gesot, dat wier gutt, well si wieren nach ni si selwer gewiescht. Et wier alles just eng Iddi, déi si op sech géinge projezéieren.

De Carrey ass eegenen Aussoen no elo zefridden an am renge mat sech selwer. Hien huet souwuel traureg wéi och glécklech Momenter, mä och wann et vu baussen esou géing ausgesinn, wier hien net depressiv. Deen Op an Of géing eben dozou gehéieren, wann een en éierlecht an zefriddent Liewe féiere wéilt. Et misst een dat kënnen zouloossen. An et misst ee kënne fräi sinn ouni am Liewen eng bestëmmte Roll ze spillen. Hien huet a sengem Liewen esou dacks aner Leit verkierpert dass hien elo iwwerzeegt dovun ass, dass alles ëmmer just iergendwéi eng Fassad war. Hie seet elo wier hien nees deen Jim Carrey, deen hie virun der Carrière am iwwerdroene Sënn ëmbruecht hätt, fir kënne Succès ze hunn.

Et ass en interessante Gedanken. Späre mir eis wierklech selwer an an eisem Liewen, well mir versichen dauernd engem Bild z'entspriechen, dat mir iergendwann ugefaangen hunn opzebauen, ouni et ze mierken? Si mir all zu engem gewësse Grad Schauspiller deene just dru geleeën ass, de Poster vun eis selwer net verblatzen ze loossen? Fir am Liewen enzuech hin ze kommen? Fäerte mir eventuell, eis falen ze loossen an net méi bestëmmten previsibelen Attributer z'entspriechen? Also, e wäisst Blat ze sinn? De Komiker Jim Carrey dréckt dat esou aus: "Et gëtt keen Du. Du bass alles".

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.