Apropos vum Michelle ReiterDéi kleng Iwwerraschung

Advent, Advent. Muer kann déi éischt Dier am Adventskalenner opgemaach ginn. E Spaass, deen ëmmer méi erwuesse Frënn fënnt.

© rtl.lu
Firwat dat esou ass? Dat kann ee just roden.
30/11/2017 Apropos: Déi kleng Iwwerraschung


Gutt, et ginn Etüden déi weisen, dass de Mënsch sech méi freet iwwer eppes wat onerwaart ass. Sou gouf et viru Joren en Experiment mat Leit, déi, mat verbonnenen An, eng Drëps an de Mond kruten déi gutt geschmaacht huet. Dobäi huet sech erausgestallt, dass déi onerwaarten Drëpsen d'Leit méi frou gemaach hunn wéi déi, wou se am Viraus Bescheed gesot kruten.
Firwat also net sech op esou eng einfach Manéier eng Freed gënnen.
All Dag seng Dierchen opmaachen a frou sinn.
24 Deeg, egal wéi gro, ass eng Iwwerraschung do.
Fir méi perséinlech ze sinn, kann een natierlech och den individuellen Adventskalenner fir déi Persoun déi ee gär huet zesummestellen.
Wann dat elo fir dëst Joer net méi duer geet, dann ass et vläicht eng Iddi fir dat nächst.
Dee positiven Trend, kéint ech mer virstellen, deen hält sech nach.
Erwuessener schenken Erwuessener en Adventskalenner.
Et ginn der och vun allen Zorten. All Joer kommen nei Iddien dobäi. Just fir Iech kuerz en Iwwerbléck ze verschafen wat ënner anerem do schonn alles existéiert.
Natierlech deen, mam exquisite Schockela. Ze bestellen 2017 de Wurscht-Kalenner mat klengen Zoossissen a sou weider. Dee mat de Crèmen a Seefen déi gutt richen gëtt et, natierlech och. Aus Kanada gëtt et esouguer dëst Joer de Marihuana-Adventskalenner. Do existéiert den Adventskalenner mam engleschen Téi. Fir beim Gedrénks ze bleiwen. Et gëtt de Whiskey-Adventskalenner an et gëtt dee mat de Wäifläschen. Weess net wie schonn drop komm ass, mee de Kajo Béier ass ëmmer en Adventskalenner. Stécht awer, jo, stëmmt, vläicht net wierklech esou total voller Iwwerraschungen.

Muer iwwregens gëtt och déi éischt Dier opgemaach vun eisem Radios-Adventskalenner...

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.