Apropos vum Bea Kneip: Hutt nach ee Moment Gedold, wannechgelift

Stoung der haut schonn am Stau, war Dir beim Dokter oder an der Schlaang virun enger Supermarchéskeess? Ma, dann hutt der dat gemaach, wourëms et an eisem Apropos vun haut geet. D’Bea Kneip huet sech sou seng Gedanken ëm d’”Waarden” gemaach.

06/12/2017 Apropos: Hutt nach ee Moment Gedold, wannechgelif
.



“Hutt nach ee Moment Gedold wannechgelift...” Dee Saz héiert ee jo dacks wann een enzwousch urifft. An do hëlleft och keen Argumentéieren, egal wéi presséiert een ass...well dee Spréchelchen kënnt meeschtens vum Band, an dat léisst net mat sech schwätzen...Heiansdo ass et dann och tatsächlech just ee Moment, aner Kéieren tickt d’Auer weider, 5 Minutten, 10 Minutten, tjo, mat der Zäit hätt een och nach eppes anescht kéinten ufänken! Sou ass et mir virun net allze laanger Zäit gaangen fir eng Liwwerung z'arrangéieren...a wou ech dann op verschiddene Plazen hu missten uruffen, tëschenduerch och emol bei engem frëndlechen Här an der Belsch erauskomm sinn, dee mer awer och net weiderhëllefe konnt,  bis ech endlech déi richteg Informatioun krut, all Kéier mat Waardeschleef, versteet sech.  De Weltrekord fir d’Waardeschleef um  Telefon soll iwwregens bei 15 Stonne leien...
A wann ee mengt, et hätt een dach besser, direkt dohinner ze fueren aplaz beim Telefon d’Daimercher ze dréinen, sollt een sech dach besser informéieren, wou et grad staut...A wann een do ukënnt, wou och ëmmer een hi wëll, ass d’Chance grouss, dass een, Dir hutt et geroden, nees waarden däerf.
Elo huet dat jo dacks säi gudde Grond. Wann zum Beispill enzwousch  en Accident geschitt ass, da muss een sech einfach a Gedold faassen, bis et nees virugeet. Oder den Dokter ass grad op eng Urgence geruff ginn, an da gëtt d’Attente ebe méi laang an der Salle d’Attente.
Mä d’Waarden, oder, besser gesot, d’Waardeloossen kann heiansdo och e Muechtspillche sinn.  “Op sech waarde loossen” heescht och, weisen ze wëllen, wéi wichteg een dach ass, a wéi onbedeitend dem anere säin Uleies . An esou eng wichteg an dichteg Persoun däerf am Géigenzuch natierlech net waarde gelooss ginn. 
An dann d’Saach mat der Pénktlechkeet...wien ëmmer pénktlech ass, riskéiert dacks laang ze waarden...Well aner Matmënschen et domat net ëmmer sou genau huelen an op déi Manéier villäicht weise wëllen, wat se esou beschäftegt sinn.
D’Waarden begleet eis duerch eist ganzt Liewen. Mir waarde jo am Fong ëmmer op iergendeen oder op iergendeppes. Ganz ofstelle kann een dat net, egal wéi gutt ee probéiert am viraus ze plangen. Dat eenzegt wat een an der Hand huet, ass wéi een déi Waardezäit kéint notzen... wann een am Stau steet, kann ee jo op d’mannst de Radio lauschteren, a fir méi laang Waardezäiten zum Beispill beim  Dokter ass e gutt Buch ëmmer richteg. Oder et fänkt een u mat strécken...deemno wéi gëtt  dat e laange Schal! A wann een dann endlech geruff gëtt, dann heescht et: “Ee Moment nach, ech muss grad nach dës Rei fäerdegstrécken, soss kommen ech nach duercherneen mat mengem Muster!”

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.