Apropos vum Camille NeyStees Du nach oder fiers Du schonn?

Am Stau stoen gehéiert jo zu eisem Alldag a fir dee Problem ze léisen, gëtt an all Himmelsrichtung nogeduecht an no Mobilitéitsléisunge gesicht. Eng vun deene leschten Iwwerleeunge war jo, fir aus der Pannen- oder Standspur eng ze maache fir Co-Voiturage – dat bréngt de Camille Ney op de Plang…

Gutt – den Numm Pannen- oder Standspur huet ee jo séier geännert. De Code de la route bestëmmt och! A wéi ee kontrolléiert, op da wierklech och 3 Leit am Auto sëtzen, dat dierft jo mat eise modernen, digitalen Technologien och kee Problem sinn. Wat accidentéiert oder futtis Gefierer da maachen, dat bleift mir zwar e Rätsel. Mee dat wat mir awer méi ze denke gëtt, dat ass d’Fro, firwat mir iwwerhaapt iwwer sou Léisungen nodenken, aplaz zum Beispill e puer voll gepaakte Bussen iwwer esou eng Spuer fueren ze loossen?

Ech erkläre mech a verbessert mech, wann ech mech ieren: aus der Vulleperspektiv huet een esouwuel ronderëm Zoufftgen, Sterpenech a Gréiwemaacher gréng Fläche sat. Firwat kënnt net ee mat der Propose, fir do, op eise Grenzen, grouss Park&Riden, respektiv Parkhaiser, ze bauen, fir eis geschwënn 200.000 Frontalieren schonn op der Grenz opzefänken a se vun do – am beschte Fall och nach gratis – an d’Stad ze bréngen? Déi gréng Flächen, déi een duerfir bräicht, kënnt een da wuel sécher ouni Problem anerwäerts kompenséieren an den CO2-Ausstouss vun engem Hybrid-Bus par Rapport zu 30 Autoen ka wuel nëmme besser sinn?

Firwat fänke mir den Ament all déi Leit eréischt ronderëm d’Stad op, op Parkingen à la Bouillon, Stadium, Houwald, Kierchbierg asw? Kloer – och do stellt sech d’Fro, op mir dat Land duerfir zur Verfügung gestallt kréien? A well et eis Nopere jo och arrangéiert, kënnt ee jo e Stéck op béide Säiten huelen a sech d’Käschten deelen? Fir e schwedesche Miwwelhändler, grouss Tankstellen, Fastfoodketten oder eng franséisch Sportsenseigne war do jo och Plaz sat! An d’Beispill vu Google weist dass, wann ee Land brauch, fir eiser Wirtschaft entgéint ze kommen, da klappt dat schonn!

Vläicht maachen ech mir d’Saach awer och ze einfach an et ginn 1000 gutt Grënn, fir dat net esou ze maachen – da sot mer se an da kann ech mäi Kapp a Rou leen an da brauch ech net ëmmer drun ze denken, wann ech iwwer eis Grenze fueren…

11/12/2017 Apropos Steess Du nach oder fiers Du schonn 12h50


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.