Apropos vum Christiane KremerDäerf een haut nach un de Kleesche gleewen?

Säin Dag war gëschter an déi lescht Deeg a Wochen hat de Kleesche vill ze dinn fir op de ville Rendez-vouse präsent ze sinn an all déi kleng a grouss Kannerwënsch an Erwaardungen z'erfëllen. Elo ass en nees am Himmel, soen déi Erwuessen, ma d'Fro stellt sech, ob en och nächst Joer nach komme wäert oder duerf. D'Christiane Kremer spillt bewosst en anachronistescht Spill am Apropos vun haut, dem Dag nom Kleeschen.

"Gleefs du nach un de Kleeschen?" déi Fro taucht als Sprachwuert nach ëmmer gär an Erwuessene-Gespréicher op, da wann een nach ëmmer op eppes hofft, wat awer eigentlech schonn net méi realisabel ass. Ëmmer dann erënnert ee sech awer och un déi Zäit, an där een nach blénkeg Aen a rout Baken hat vun Opreegung virun deem 6. Dezember, wou den hellegen Niklos der Legend an der Traditioun no de Kanner Kaddoe bréngt. Ech géif déi Fro haut emol anescht formuléieren "Duerf een iwwerhaapt haut nach un de Kleesche gleewen?" An domadder mengen ech emol net just den Dag vun haut, also den Dag dono, wou de gudde Mann jo seng wuelverdéngte Rascht duerf ufänken; mä sou am Allgemengen. An der politesch - pardon reliéis korrekter Welt, do soll ee jo trennen- an där kee Glawen extra soll ervirgestrach ginn a vrun allem vun ëffentleche Plaze soll verschwannen fir net aneren an hire Glawen op d'Féiss ze trëppelen, kann déi Fro duerchaus eemol optauchen. 
An elo frot Dir vläicht wat da meng Äntwert op déi Fro ass? Ech wëll elo definitiv hei keng politesch a keng reliéis Polemik lancéieren, mä just eng Lanz oder e Staf briechen fir Traditiounen, déi eis kulturell sécher méi no sinn wéi plüscheg-rout Bommelmutzen oder importéiert Béier- a Geeschterfester oder schwaarz Shopping-Freideger, déi dann intensiv op all eis Sënner ausgeriicht sinn. Lo kann ee soen, och den Niklos huet säi kommerziellen Aspekt an an esou engem multikulturellen Ëmfeld wéi zu Lëtzebuerg muss dach Plaz si fir alles. Jo! Sécher, mä dann awer och fir déi Fester an Traditiounen, déi vun hei sinn an déi mer heiansdo vernoléissegen. Vläicht wierkt de gudden Niklos e bëssi old-fashioned an der séier-virtueller Welt vun haut a vläicht kënnt en e klenge Lifting verdroen. Wéi och ëmmer een dat kéint maachen, mä wichteg sinn a bleiwen d'Wäerter an de Message, déi domadder verbonne sinn. An déi kënnen ni old-fashioned wierken: matginn, Freed maachen, sech fir anerer asetzen, belounen.
A komm elo keen a so mer de Kleeschen dat wiere just Fake-News fir Kanner. E bëssi soll een dach ëmmer nach un de Kleesche gleewen, am direkten an am duebele Sënn vum Sproch.
Heiansdo mécht dat den Alldag an d'Realitéit e bëssi méi spannend.

07/12/2017 Apropos: Duerf een haut nach un de Kleeschen glee



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.