Apropos vum Sandra Mélan: Vum deierste Bild vun der Welt an enger flotter Initiativ

Den Desequiliber tësche Räich an Aarm gëtt ëmmer méi grouss. Dat ass sécherlech scho laang gewosst. Wann awer sou Nouvelle kommen, fir wéi vill e vum Leonardo da Vinci senge Biller lo verkaf ginn ass, da muss een awer eng Kéier schlécken.

D’Bild “Salvator Mundi” huet lo viru kuerzem fir 450 Milliounen Dollar de Proprietär gewiesselt. Domat ass de Portrait vum Jesus bei wäitem dat deierst Bild vun der Welt. Zu Abu Dhabi soll et an der neier Filial vum Louvre ausgestallt ginn.                          

Mee 450 Milliounen Dollar, also 381,6 Milliounen Euro? Dat ass fir mech eng Zomm, déi ech mir net virstelle kann. Wien esou vill Suen huet, fir esou e Bild ze kafen, zielt awer definitiv zu enger Minoritéit op dëser Welt. An déi Minoritéit mëcht sou 1% Prozent vun der Weltbevëlkerung aus; déi huet awer e bësse méi d’Hallschent vun dem globale Verméigen. Den Ament ass och net gewosst, wien sech déi Investitioun geleecht huet.

Esou Nouvellen si besonnesch an Zäiten viru Chrëschtdag oder anere Fester dach ganz batter fir vill Leit. Et ginn och hei am Land Leit, deenen et manner gutt geet. Fir si ass et bestëmmt net esou einfach fir mat unzegesinn, wann déi aner Enn des Joers mat vill Kaddoen an engem leckerem, deels deieren Iessen féieren.

Dofir fannen ech et eng super Initiativ vum ëmgekéierten Adventskalenner. Do kann een einfach eng eidel  Këscht huelen an dann all Dag vum 1.-24 Dezember eppes dra leeën. Do solle keng Luxusartikelen oder frësch Liewensmëttel dra kommen. Des Këschte gi da Chrëschtdag u manner bemëttelt Leit verdeelt fir hinnen op deem Dag eng kleng Freed ze maachen. Eng Initiativ fir eppes Guddes ze maachen.

E méi gerecht Opdeele vum globale Verméigen op der Welt kënne mir als Eenzelen net bewierken. Mir kënnen awer mat engem klenge Geste vill erreechen. Domatt setzt een en Zeechen em wat et Chrëschtdag eigentlech geet.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.