Apropos vum Michelle Reiter'Mode d'emploi fir Chrëschtdag ze feieren'

Hutt Der Iech scho Gedanke gemaach wat dëst Joer Chrëschtdag um Programm steet? D'Michelle Reiter huet eng Iddi, eng déi der vill vun Iech och all Joer hunn an déi awer am Endeffekt dacks trotzdem ënner geet.

© rtl.lu
Apropos: 'Mode d'emploi fir Chrëschtdag ze feieren'


Ënner geet, ënner den Austeren an dem Schampes an ënner de Këschten a Këschten déi als Kaddo agepaakt ginn an da bei deenen ënner dem Beemche leien déi nach een opriichten, bei deenen aneren eben a soss engem Eck. 
Dobäi war de Motto vu Chrëschtdag dach awer schonn erëm eng Kéier deen nämmlechten, nämlech : 'Dëst Joer geet et awer wierklech mat manner'.
Manner Gefréiss, manner Gesëffs, manner onnéideg Kaddoen, manner laang an der Kiche stoen mee wierklech méi Zäit mat senge Leit verbréngen. Net sou vill Hektik, net scho rëm an de Supermarché wa se do mam Hënner zur Dir eraus stinn. Net erëm esou e Menü wou ee schonn dräi Deeg am Viraus amgaang ass ze brutschen. Net erëm bis op déi lescht Minutt schaffen. Net schonn erëm dat stonnelaangt um Dësch sëtzen. Net nees e schlecht Gewëssen well dat wat ee geschenkt krut eigentlech rëm guer net hätt misse sinn. Net rëm... jo, wat ass et bei Iech wat nach nervt a wou der Iech sou dacks sot: 'Nee, dëst Joer net! Net méi mat mir'.
Just als klenge Rappell. Mir sinn Haut den 13. Dezember. Et wier dëst Joer nach Zäit fir villes besser ze maachen wéi déi aner Chrëschtjoren. Vläit geet dee Wonsch 2017 jo wierklech an Erfëllung?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.