Diva

Et ass eng richteg Diva- dat seet - anscheinend - e Beroder vum amerikaneschen Presidentschaftskandidat John McCain iwwer déi designéiert Vize-Presidentin Sarah Palin. Där hir Kleedereskapaden vun iwwer 150 000 Dollar- extra als Wahl-Garderobe zesummekaaft, bréngen net grad déi beschte Presse, esou e puer Deeg vrun de Wahlen. Do ännert och näischt drun datt sie elo hir eegen Jeans nees undeet- hiren Brautrénk anscheinend fir 35 Dollar op Hawai selwer kaaft huet an versprécht déi deier Klamotten no de Wahlen fir e gudden Zweck ze spenden.

Mee eigentlech huet mech de Saz vun der Diva méi intresséiert- well dee gëtt daks gär ausgepaakt wann et ëm eng Fra geet, déi bekannt ass- nee esouguer berühmt an déi de Ruff huet launesch ze sinn- fir net ze soen zickeg, déi hiert Emfeld schikanéiert an distant zu denen aneren optrëtt. Dobäi ass dat guer net den éischte Sënn vum Begrëff Diva- dee kënnt aus dem latengeschen an dem italieneschen an heescht göttlech. Fréier goufen dann och just Göttinen esou tituléiert- zenter dem 18te Joerhonnert gëtt een deen Titel awer och gär grousse Schauspillerinen oder Sängerinen. An do huet dat ganzt dann éischter e positive Bäigeschmaach- wann ee vun enger Maria Callas oder Romy Schneider Diva seet - ass dat éischter e Kompliment oder eng Unerkennung fir eng Fra, déi aussergewéinleches op kënschtlerechem Plang geleescht huet an déi dofir eng gewësse Grandeur huet.

Jo, an dat- also éierlech ouni elo politesch ze ginn- dat fannen ech bei der Madame Palin elo wierklech net!

Anscheinend ass sie iwwer d'Ausso aus dem McCain Camp indignéiert- hoffentlech flüstert och keen hir, wat Diva op laténgesch heescht! Ëm Gottes Wëllen!