Summerzäit-Wanterzäit

D'Zäit leeft eis fort- dee Saz steet hei am Radio um Index. Well et eng Floskel ass, déi een esou séier emol parat huet, ouni sech emol Gedanken iwwer de Sënn vun deem Saz ze maachen. Eigentlech leit am Saz esou eppes wéi e Reproche un d'Zäit, déi sech tatsächlech erlaabt sech virun eis aus dem Stëbs ze maachen ouni ëm Erlaabnis ze froen. Dobäi si mer Mënschen eigentlech selwer responsabel- wann d'Zäit eis fortleeft heescht dat éischter, datt mir net dermatt ëmgoe kënnen- datt mer se net notzen, dat mer se verhonzen, datt mer se net schätzen.

A fir de Rescht maache mer mat der Zäit sousiesou wat mer wëllen Mir waren et déi Kalenneren an Aueren erfonnt hunn- och wa mer déi nom Stand vun der Sonn gerechent hunn. Mir ziele Sekonne, Minutte, Stonnen, Deeg, Méint a Joeren- mer wëllen ëmmer méi prezis moosse: Am Alldag, am Beruf an am Sport- do virun allem.

En plus liewe mer de Gros vum Joer an der falscher Zäit. Dat muss emol een eis nomaachen. Vum März bis den Oktober si mer einfach eng Stonn ze fréih. Et laut scho Metteg ier d'Sonn hiren héchste Punkt erreecht huet. A virwat? Fir Owes eng Stonn méi laang Sonn ze hunn, déi mer soss Moies tëscht 4 a 5 Auer just verschlofe. Clever geduecht! Ech ka gutt dermatt liewen. D'Mëllechkéi manner- déi kënnen hir Auer net ëmstellen.

Elo si mer Ausgangs Oktober an an enger Woch si mer da nees richteg an der Zäit. Op d'mannst emol op der Auer. A passt emol op: de nächste Week-End wäert da mat Sëcherheet keen um Radio soen: D'Zäit leeft eis fort. An hoffentlech duerno och net- Kollegen, denkt drun.