Kaffi

Vläicht setzt der grad bei ärem Kaffi a loosst iech dat battert, schwaarzt Gedrénks gutt schmaachen. Vläicht ass en och guer net méi schwaarz- mee brong oder wäiss - a vläicht ass en och guer net batter, mee zockerséiss.

Egal wéi loosst iech e gutt schmaachen- ech maachen dat och- mäin ass iwregens schwaarz mat just engem klénge Stéck Zocker. Esou schmaacht e mir am beschten an dach loossen ech mer en ëmmer manner schmaachen- an dat huet näischt dermat ze dinn, datt ech elo op de Goût vun eppes anescht komm sinn.

Nee bei mir happert et kloer um richtege Vocabulaire.

Dir mengt elo vläicht, ech wier e bëssche komplizéiert. Ech fannen datt ech dat grad net sinn, mee ech weess beim beschte Wëllen net méi wéi ech mäi Kaffi soll nennen, wann ech an engem Bistro oder soss anzwousch ee bestellen.

All Kéier kënnt direkt eng Géigefro: Wéi een? Espresso, duebelen Espresso, Cappucino, Latte machiatto, Lait russe, con leche, con latte, frappé, Mocca, Irish, déca asw...

Da sinn ech erschoss a soen meescht- nee en normale schwaarze Kaffi mat Zocker. Mee esou normal ass dat anscheinend net. Ech hu scho verzweifelt Blécker kritt - esou verzweifelt, datt ech einfach op iergendengem anere Gaascht seng Taass gewiesen hunn a gesot hunn- dee selwechten.

Oder wann dat net geet- dann alt en Espresso- deen ass mir zwar ze kléng an z'intensiv- mee léiwer dann eng Kéier de Mond verzunn, wéi d'Gefill mussen ze hunn, aus der Kaffisnorm ze falen.

Jo a wa guer näischt méi geet- dann paken ech den däitsche Sprach aus: Abwarten und Tee trinken.