Keen ass eng Insel

Keen ass eng Insel- huet den engleschen Schrëftsteller John Donne schonn um Ufank vum 17 Joerhonnert festgestallt an domadder ausgedréckt, datt kee fir sech ganz eleng steet. Jiddereen ass e Stéck vum Ganzen- also concernéiert fir anerer.

A wat fir den Individuum gëllt, gëllt och fir d'eenzel Natioun - well wéi daks ploe mer eis mam Saz “Lëtzebuerg ass keng Insel”! Besonnech an de leschten Deeg a Wochen..

A wa mer dann awer eng Insel wieren!

Da bréichte mer néierens wäit bis op d'Plage ze fueren, da kënnte mer eise Pavillon Maritime heiheem an d'Waasser loossen. Mir kënnten eis Mulle selwer fëschen, géife de grousse Jachten Häfe bauen fir mat hirem Geld unzeleeën an den Touristen chick Hotelen. Eis Loft wier gesond matt genuch Jod dran, mir kënnten Wellness-Package mat Thalasso-Therapie ubidden an géife mat spezielle Millen Wandenergie notzen. Mir hätten eis eege Flott a méi wéi ee Seegler bei den Olympesche Spiller derbäi, géngen den Johnny Depp bei eis e Piratefilm dréine loossen a bréichten de Sand fir d'Beach-Party net afléien ze loossen.

Mir hätte kee Cattenom op der viischter Diir a Moies fréi kee Verkéierschaos aus allen Himmelsrichtungen.

Mir hätte keng Frontalieren, déi d'privat Wirtschaft hëllefen an der Riicht ze halen, mir hätte keen Tanktourismus, deen derzou bäidréit datt eis Economie nach ëmmer floréiert, mir hätte keng Grenzregiounen, wou mer nach kënnte bëllege Bauterrain fir eis Besoins fannen, mir hätte keen Arel fir Donneschdes op de Maart, kee Metz fir op de Futtball a keen Tréier fir Shopping op Nationalfeierdag.

A wahrscheinlech géife mer awer vu Bankekriis schwäzen a missten eis mam Begrëff Doping ausenanersetzen.

Wéi gutt datt mer keng Insel sinn, soss géife mer de Kapp nach méi déiw an de Sand stiechen.