E-Mail Verkéier

Fréier hunn ech mech gefreet, wann de Bréifdréier laanscht war an an der Post war eng Enveloppe mat mengem Numm drop. Besonnech an de Schoulvakanzen, wa meng Frëndin Viv an ech eis Enveloppe voller Zeitungsartikelen hin an hir-geschéckt hunn- wou mer Artikelen iwwer déi Themen drafonnt hunn, déi eis besonnech intresséiert hunn. An dach huet et heiansdo bal ze laang gedauert bis de Bréif do war, wann dann iwwerhaapt ee komm ass. Dat huet sech Gott sei Dank am Laaf vun de Joere geännert- nom Fax koum de Mail. D'Info geet séier hin an hir- och tëscht eis zwee- kee brauch méi laang ze waarden. Dat ass Zäit gespuert!

Ech ginn zou ech sinn e begeeschterten E-Mail Schreiwert, well Schreiwen nach ëmmer eppes war, wat ech gär gemeet hunn a well ech meng Noricht elekronesch ka schécken, wann et mir an der Zäit passt a meng Frëndin Viv se ka liesen, wann et him an der Zäit passt. Alt nees Zäit gewonnen!

En Héich op d'Elektronik! Mee kee Virdeel ouni Nodeel. Esou gutt a gär ech elektronesch Post schécken a frouh si, wann déi kléng Enveloppe mer ënnen um Schierm weist: de Facteur war do-esou ustrengend a genervt sinn ech entretemps vun all deem wat sech do a menger virtueller Bréifkëscht usammelt.

De leschte Freideg ass mer opgefall datt an den 3 Stonnen iwwer 150 Mailen (Spam'en net agerechent) ukoumen. Natierlech hu se bal nëmme mat mengem Beruf hei ze dinn a natierlech schaffen ech an engem Kommunikatiounsbetriib.

Op se et waren- éierlech ech weess et net- well ech mer d'Zäit net konnt huelen se all am Detail ze kuken, ier ech mam Delete-Knäppchen dat meescht ewechgehummert hunn- fir denen nächste Plaz ze maachen.

Déi vill Zäit déi ech elo, verglach mat fréier méi hunn, geet also drop fir dat ze sortéieren, wat nach wichteg ass. .

Iwregens Viv, wann eng Mail vun dir e Freideg derbäi war, da schéck se nach eng Kéier- oder ruff un! Mir sollte nach ëmmer iesse goen.