Den Alter

Et ass een nëmmen esou aal wéi ee sech fillt... dee Sprach gëtt emmer aus dem Hutt gezaubert wann de Gebuerstdag méi no rutscht an een net méi esou gären zougëtt, wéi e Joergank een dann elo ass. Eng Floskel, déi berouege wëll an drop aus ass esou séier wéi méiglech d'Thema ze wiesselen.

Mee ass ee nëmmen esou aal wéi ee sech selwer fillt, oder esou aal wéi d'Gesellschaft ee fillt?

Mat 34 huet d'Popsängerin Anastacia nach viru Wochen hiren Alter uginn- elo ass se frouh dat se endlech duerf 40 Joer aal ginn. Esou wéi et richteg am Pass steet. Den Drock vun der éiweger Jugend ass fort an d'Musek verkeeft sech awer.

Matt 70 Joer huet de Karl Lagerfeld sech den 10. September feiere gelooss-dobäi kruut en der scho 75. Als Moudedesigner kënnt een all Tricke fir sech äusserlech a Fassong ze halen do fällt et dann emol net op op e mam Alter fuddelt oder net.

Mat 46 Joer ass et net méi einfach am Berufsliewen nach grouss Changementer ze riskéieren- de Patronën ass een ze aal a net méi dynamesch genuch..

Fir vill Leit ass awer de Barrack Obama matt senge 46 ze jonk fir amerikanesche President ze ginn- e Greenhorn, dat nach vill léiere muss- a vun sengen idealistesche Wonschvirstellungen an d'batter Realitéit vum Alldag un der Muecht muss wiesselen.

Mat 60 denken déi meescht mat Freed un d'Pensioun an dat wat se elo alles mat der neier Fräiheet wëlle maachen.

Dogéint ass de britesche Prënz Charles mat senge bal 60 emol nach net esou richteg am Berufsliewen dran- mee deen éiwege Léierbouf, deen endlech wëll un d'Zepter kommen a beweisen, datt säi professionellt Könne besser ass wéi säi private Ruff.

Wéi aal wie sech dobäi perséinlech fillt- ass irrelevant.

Secher ass:

Wien net wëll aal ginn, muss jonk stierwen.

An dat ass keng Floskel...