Rentrée

Elo geet den Eescht vum Liewen nees un! Wéi dacks kréien an dësen Deeg Kanner dat vun Erwuessenen ze héieren - begleed vun esou engem ironeschen Ënnertoun, deen een als Kand guer net richteg deite kann. Et kann ee jo net wëssen, datt dee selwechten Erwuessenen dee selwechte Saz an der selwechter Situatioun viru Joeren och schon ze héiere krut a grad esou wéineg verstanen huet.

Elo geet den Eescht vum Liewen nees un.

Firwat kréien eigentlech ëmmer d'Kanner dëse Saz ugedrot? Obwuel e jo grad esou gutt bei hiert Léierpersonal passt. Mee déi maache grad Eescht bei der Regierung-well déi allen Eeschtes mengt et kënnt ee jo méi verdéngen, mee et misst een dofir och méi schaffen.

Ass dat den Eescht vum Liewen? Da muss een de Kanner dee gutt erklären.

Fir datt se verstinn, datt se eis elo laang genuch generft hunn, wa se net wosste wat mer der viller Zäit ufänken, well se ëmmer nees no Opmierksamkeet gefrot hunn, no Matspillen, no eppes Ënnerhuelen, no Spontanitéit, no Phantasie, no Disponibilitéit, no méi wéi just an den Training hir an an d'Prouf duer gefouert ginn.

Den Eescht vum Liewen fänkt erëm un...

Fir datt d'Kanner guer net op d'Iddi kommen, datt d'Schoulzäit och vläicht flott Momenter kann hunn. Wou ee Frënn fënnt, wou ee Selbststännegkeet léiert, wou ee kreativ ka ginn, wou een Neits entdeckt, wou een seng eege kleng Perséinlechkeet entwéckelt a vläicht och scho spiert wou een eng Kéier hiwëll- wann den Eescht vum Liewen -also d'Schoul dann emol eriwwer ass.

De Geroch vu nei gedréckte Bicher, vu faarwegen Hefter, frësch gespëtzte Bläistëfter a fonkelneien Tëntecartouchen fir an d'Füllfieder- fir mech ass et d'Erënnerung un eng Zäit wou d'Liewen engem seng Dier nach grouss opgemaach huet.

Fir mech kennt den Eescht vum Liewen nach eng Kéier ufänken- well dat duerno ass wierklech net ëmmer fir ze laachen!