Halloween, de Kleeschen an aner Schreckgespenster

D'Finanzkris huet och hier gutt Säiten : ech hat den Androck dass d'Leit dëst Joer e puer Su manner iwwereg haten, oder op d'mannst wollten ausginn, fir Kalbassen, Hexen, Spannennetzer an aner Halloween-Getriwwels aus China. An awer, Halloween, dat importéiert Fest vum Grujeleg , war nach seelen sou passend wéi dëst Joer. Well de Mënsch sech grujeleg well, well mer gären Angscht gemaach kréien. Woubäi sech Halloween an eise Breeten jo éischter doduerger auszeechent, dass d'Leit sech sou eng an de Kapp geheien, dass se kee Respekt méi hu virun der Dout an der Däiwel, scho guer net wann se als verkleete Vullescheisch dohierkommen an den Dag dono bei de Griewer stinn. Et sief. Ouni Schreckgespenster geet et net, an dat net nëmmen op Halloween. Schonn am Mëttelalter hunn d'Leit sech och déi aner Deeg vum Joer an d'Box gemaach si géifen an d'Hell kommen, an do d'Box ausgedo kréien.

Zu eisen Zäiten gleeft kee méi un d'Hell, an awer losse mer eis gär erkläert, alles géing bei der Däiwel. Am kaale Krich sollt d'Welt all gudden Dag atomiséiert ginn, bis firu kuerzem hate mer de Klimawandel duerch deen d'Plazen verdrechnen an d'Hollänner ersaufen, a mëttlerweil ass et d'Finanzkris, déi Welt fir d'éischt an d'Rezessioun, dann an d'Weltwirtschaftskris, an dono an den Ënnergang stierze wäert. A wann et vläicht awer ganz anescht kennt - ze fréi gefreet : et gëtt nach genuch Schreckgespenster - vun der Gen-Technik iwwer d'Police bis zum Houseker - déi schonn dofir suerge wäerten, dass et och déi nächste Joren nach genuch ze fäerte gëtt.

A wou een Houseker ass, ass och de Kleeschen net wäit. Keng sechs Wochen no Halloween kennt den hellege Mann mam CO2 frëndleche Schlitt, un deen nach just Kanner an onverbesserlecher Optimiste gleewen, a verdeelt Kadoen, un déi, déi sech bei hieren Topegkeeten net erwësche gelooss hunn.