Vun Auszeechnunge, Praisser a Labelen

Am Liewen a besonneg am Beruff ass jiddereen frou iwwer eng kleng Unerkennung. Spéider däerf et och roueg eng formell Auszeechnung sinn. Ee klenge Präis, eng Medail, en Ordre du Mérite. A wat fir Privatleit gëllt, stemmt réischt grat fir Firmen an hier Produiten.

Fir d'Galerie ze beandrocken, brauch een nach net mol sou eng extensiv Sammlung wéi eise Premier. Een eenzege Präis geet oft duer. Wat Produiten betrefft, gëllt déi heite Regel : wann de Präis gutt ass, ass de Präis net méi sou wichteg. Ech erkläre mech. Wann een Auto zum Beispill de Präis vum Auto vum Joer gewonn huet, dann däerf en och roueg a puer Euro méi kaschten wéi d'Konkurrenz, ëmmerhin ass e gutt. Soss hätt e jo kee Präis gewonn. A wann et fir ee Präis net duergeet, da mécht et alt ee Label.

Sou wéi op de Bananen. De Label mam bloen Af, deen doropper hiweist, dass op där Bananeplantage am Prinzip keng Afen erschoss ginn. Oder de Label mam grénge Bam, deen ausseet, dass den Urwald net extra fir déi Plantage ofgeholzt gouf, mee scho virdun, fir bëlleg Miwwel draus ze machen, et sief, op deene bëllege Miwwel géif och ee Sticker pechen, wou de Géigendeel dropsteet, oder d'Miwwelfabrik hätt de Präis vun der gëllener See gewonn fir eng besonneg nohalteg Exploitatioun vun hiren Aarbechter.

Ech hunn déi eng oder aner Firma am Verdacht, all déi Veräiner, déi hinnen a regelméissegen Ofstänn ee Präis oder eng Auszeechnung schenken, oder ee Label oppechen, entweder selwer gegrënnt ze hunn, oder awer selwer ze finanzéieren. An dofir ass et wuel nach just eng Fro vun der Zäit, bis et eege Labelen a Präisser fir Labelen a Präisser gëtt. Ausserdeem gesinn ech ee ganz neit Geschäftsfeld opgoen: den Handel mat Auszeechnungen. Wann et engem Mëllechhändler zum Beispill grat net sou gutt geet, da kann en bei de Labelhändler goen, a sech ee Sticker mat der Bloer Kou kafen. An d'Konsumenten gesinn dann déi blo Kou a soen sech : boah, wann déi Mëllech de Präis krut, dann ass déi bestëmmt méi wäiss wéi d'Konkurrenz. A scho gëtt kaf bis et rabbelt a kraacht. E Sticker hannerfreet een net. Engem Sticker gleeft een.