Flëssegt Brout a Spiller

Déi réimech Keeser wosste wat et brauch fir an ökonomesch schwéieren Zäiten um Pouvoir ze bleiwen : Brout a Spiller. Spéider Herscher haten déi Lektioun rëm vergiess. Wann de Fransousen hier Louis'en d'Populasse nëmmen mat e puer Cityjoggingen, Ritterspiller, Stroossefestivalen an Concerten bei Laun gehal hätten - wahrscheinlech wär et d'franséisch Revolutioun ni ginn.

Haut ass et net anescht. D'Vollek muss bei Laun gehal ginn. An no der Zuel vun ëffentlech organiséierten Dëppefester ze uerteele geet et mat der Économie grat terribel d'Baach an. Tiens. No all aner Critèren och. An dofir organiséiert nach dat läschte Kouduerf sai Volleksfest - och wann do nëmme 50 Leit wunnen, a mer d'Vollek mat Bussen aus dem Ausland ukaare mussen.

Et gi Weekender, do si souvill verschidde Manifestatiounen, dass een eigentlech besser huet direkt doheem ze bleiwen. A well et ëmmer méi Konkurrenz tëscht all dëse Manifestatioune gëtt, muss eng Gemeng, déi eppes op sech hält, dofir suergen, dass hiert Dëppefest mat professioneller Hëllef zum Event gëtt. Am beschten den Event vum Joer. Duerchschnëttlech dierften et där momentan eng drësseg ginn... Pro Mount.

Déi sëllechen 84 Joer-Gemeng-Kouduerf-Feieren net matgerechent. Wou souvill ëffentlech Gelder fir ëffentlechen Amusement zur Fënster raus, an op d'Bühne rop -gehait gëtt, misst ee sech dach mol froen, wouvunner mer eigentlech sollen ofgelenkt ginn. An dobäi wäre mer rëm zréck bei den aale Réimer an dem Constat, dass d'Brout soulues knapp gëtt. Ausser dat flëssegt. Well ouni Béier deet sech de Lëtzebuerger mam Feiere bekanntlech schwéier. A wie weess, vläicht sinn all déi Festivaler an Events jo nëmmen ee Virwand, fir de Beierkonsum rëm unzekuerbelen. Well och /doranner/ ass de moderne Lëtzebuerger net anescht wéi den aale Réimer : mat sou richteg enger am Gesiicht gesäit d'Liewen direkt vill besser aus.