Apropos vum Gibbes BertoloBock op Baart ?

"E Mann ouni Baart ass ewéi e Brout ouni Kuuscht" heescht et an engem lettesche Sprachwuert. De Gibbes Bertolo huet et ausprobéiert ...

25/11/2014 Apropos: Bock op Baart ?


Ech weess och net wat viru gutt 4 Méint a mech gefuer war. Summervakanz, alles méi labber, aneren Timing ... an op eemol war en do. Am Ufank nach diskret, no an no awer ëmmer méi konkret an no 1 Woch war eng optesch Verännerung net méi vun der Hand ze weisen. D'Reaktiounen a mengem Ëmfeld waren net ëmmer unanime:

"Steet der gutt, et huet eppes, du wierks méi ... interessant", anerersäits: "wat soll dat, muss du och elo sou eppes hunn, maach dat Geméis dach endlech ewech!" Déi leschte Kéier, wou ech probéiert hunn, mer e (klenge) Baart wuessen ze loosse war no menger Studentenzäit. En Experiment, dat ech awer séier nees opginn hunn, well et einfach net menges war. Du koum uschléissend jo déi Periode, wou glatraséiert, metrosexuell Typen à la David Beckham ugesot waren, mä och dee leeft jo neierdéngs dem Trend zu méi Hoer am Gesiicht hannendrun. Vollbaart, Geessebaart, Schnurres, Kënnbaart, Kotlettebaart, dann deen ominéise vun 3 oder méi Deeg ... mäin huet anscheinend deen originellen Numm "Henriquatre". Jo, de Mann steet nees zu deem, wat do ënnert Nues an Ouere wiisst. E Baart léisst eiseree méi smart a sexy wierken, ass Ausdrock vun Individualitéit a Selbstbewosstsäin, vu Männlechkeet a Potenz. Männer mat Baart fille sech onkonventionell an extrem attraktiv. Argumenter, déi anscheinend op wëssenschaftleche Kritäre baséieren. Grad ewéi awer och d'Ausso, datt deen, deen e Baart dréit, eppes ze verstoppen huet, seng Onsécherheet, de bannenzege Softie, den duebele Kënn? Alles Theorien, déi mëttlerweil och schonn e laange Baart hunn.

Mir ass opgefall, datt ech nawell dacks dru kniwwelen an triwwele gaange sinn. An datt et mech vläit manner, duerfir awer anerer ëm sou méi gekraazt a gepickt huet. Tatsaach ass: sech e Baart wuesse loosse kascht näischt an en ass ganz séier nees ofraséiert. Dat ass dann och haut de Moie geschitt. Mol gespaant, ob mer an nächster Zäit eppes feele wäert ...