Apropos vum Jean-Luc ThillOchlokratie

Wa jiddweree just nach u sech denkt, a wéi enger Demokratie liewe mer dann? Dozou en Apropos vum Jean-Luc Thill.

Demokratie klengt einfach, ass et awer net. Déi al Griichen hu se zwar erfonnt, awer sech selwer net laang dru gehal. Den Aristoteles fënnt se kompatibel mat der Sklaverei an nach den Churchill wor iwwerzeegt, d'Demokratie wier am Fong déi schlechtst vun alle Regierungsformen, dobäi awer ëmmer nach déi Bescht vun all deenen, déi bis ewell probéiert goufen.

Kuckt en eis politesch Realitéit, national sou gutt wéi europäesch, da stellt sech d'Fro, vu wat mer dann eigentlech schwätzen, wa mer de Begrëff vun der Demokratie benotzen. Sou schéngt et ëmmer méi schwéier ze ginn, d'Wuel vun der Allgemengheet an de politeschen Entscheedungen, wéi och an den Visiounen, erëmzefannen oder iwwerhaapt ze identifizéieren.

Do kommen déi all Griichen erëm an d'Spill, an zwar mat der „Ochlokratie“. Am éischte Moment erënnert Ochlokratie vläicht munchereen un en Ausgang, dee Kierperflëssegkeeten ausscheet. Deem ass natierlech net sou, och wann et symbolesch mol guer net sou schlecht passt. Ochlokratie ass dem Polybios seng negativ Variant vun der Demokratie, nämlech d'Regierung vun der Mass am Géigesaz zu där vum Bierger. Hei kuckt jiddweree just no sech a sengen eegenen Interessen. D'Wuel vun der Allgemengheet gëtt fir den Eegennotz souwuel ausgeblennt, wéi och beschiedegt. Net ëmsoss gëtt Ochlokratie och nach als Herrschaft vum Pöbel bezeechent. Eng ofwäertent Form vum Zesummeliewen, wou jiddwereen, an dat net nëmmen an der Politik, just nach kuckt, déi eegen Täsche sou voll wéi méiglech ze kréien an all Entscheedung aus enger reng egoistescher Motivatioun geholl gëtt.

Dat ass net ongeféierlech, well tëscht dem Allgemengwuel an den cumuléierten Interesse vun all Eenzelnen, gëtt et nämlech keng mathematesch Equatioun, déi e positiivt Resultat liwwert. Am Géigendeel, wa jiddweree just nach u sech denkt, da geet dat op Käschte vun der Allgemengheet an där hirem Wuel oder modern geschwat, un d'Liewensqualitéit vun eis all.

De Wëlle vun der Allgemengheet (volonté générale) an de Wëlle vun Allen (volonté de tous) sinn nämlech zwee puer Schung. Freet sech just wéi ee mer Owes wëlle stellen!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.