Apropos vum Jean-Luc ThillChrëschtdag

E puer Gedanken zur Chrëschtzäit – dozou en Apropos...

Chrëschtdag ass wuel eng vun de leschte groussen Traditiounen, déi an der ganzer westlecher Welt an doriwwer eraus, zesumme gefeiert gëtt, egal op gleeweg oder net. An enger Zäit, wou Traditiounen, a virun allem déi reliéis ëmmer méi ofhuelen, ass Chrëschtdag eng vun de groussen Ausnahmen.

Chrëschtdag ass awer och eng denk-intensiv Zäit, wou sech all Joer op en Neits eng Rei méi oder manner déifgrënneg Froe stellen: Soll een Tatta Josefin beléien an déi  fuerchtbar Krawatt, déi se engem kaaft huet, awer schéin fannen? A wéi vill soll en eigentlech mat deenen Aarmen a Bedürftegen an der Chrëschtzäit deelen?  Ass et iwwerhaapt moralesch akzeptabel fir genee op Chrëschtdag sech Panz sou voll ze schloen – egal op Fleesch,  Fësch oder Kéis?

Déi reliéis Säit vum Fest werft och eng Abberzuel méi déifgrënneg Froen op: Wéi ass eigentlech de Friddensmessage vum Chrëschtfest ze verstoen? Ass Chrëschtdag e Fest, wat och Atheisten mat engem gudde Gewëssen feiere kënnen? Ëmmerhinn huet e Jean-Paul Sartre eréischt 35 Joer méi spéit säi Krëppespill aus der Krichsgefaangeschaft zu Treier fir Publikatioun fräi ginn. An ass et wierklech vernünfteg unzehuelen, datt de Jesus souwuel ee Produkt vum Himmel ass wéi och duerch eng Jongfra gebuer gouf?

Dës méi oder manner serieux philosophesch Froe ginn awer gären lénks leiegelooss, fir sech all Joers erëm déi selwecht, wierklech fundamental Froen ze stellen: ass nach e Chrëschtbam ze kréien? Sinn ech fréi genuch un oder sinn d'Delikatessen schonns erëm all fort? A wann net – geet dat och alles an de Frigo?

Sou ass d'Fest vun der Léift e Fest vum Konsum ginn. Eng Zäit vum zwanghafte Verschenken, do kann een nach sou dacks soen, et wëllt een näischt, a vum kanneresche Wonsch, eppes geschenkt ze kréien, wann ee sech dann un de Wonsch näischt matzebréngen hält. Dozou kënnt nach eng gehéiereg Portioun Nostalgie: d'Erënnerung un déi eegenen Kandheetserënnerungen droen hiert zum Chrëschtgeschäft bäi.

Wien elo wéi fréier zwee, dräi Deeg a Rou mat der Famill verbréngen wëll, dee muss och mam Fest ëmgoe wéi fréier, also weder Hektik nach Hamsterkeef. Einfach Zäit mat engem aneren ze verbréngen, ass dacks dee méi flotte Kaddo, an huet kee Präis, ausser déi Zäit, déi ee sech dofir hëlt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.