Apropos vum Christiane KremerSech spieren

Solidaritéit a Fräiheet- zwee Wierder, déi de Weekend markéiert hunn. Zwee Wierder fir déi Millioune Mënschen op d'Strooss gaange sinn. Wierder déi een net nëmmen héiert mä och spiert, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

Ëmmer wann ech mer Gedanken iwwer dës Rubrik maachen, stellen ech mer d'Fro: wat huet mech da besonnesch a leschter Zäit beréiert, wouriwwer hunn ech mer Gedanke gemaach oder hunn d'Leit ronderëm, sech Gedanke gemaach. Dacks sinn et och nëmme kleng Geschichten aus dem Alldag, déi passéieren an déi engem Freed maachen oder déi derwäert sinn, datt een se weidererzielt.

Fir haut huet déi Fro sech net gestallt: dat wat Millioune Leit op der Welt déi lescht Deeg beweegt huet dat sinn 3 Wierder: Je suis Charlie. Doriwwer ass esou vill geschwat a geschriwwe ginn, an ech hunn och net wëlles lo nach emol ze probéieren alles opzezielen an ze kommentéieren. Dat moossen ech mer och net un, ech menge jidderee perséinlech huet scho probéiert seng eegen Analyse ze maachen. Och wa sécher nach sou vill Gespréichsbedarf ass, well een nach net alles verschafft huet. Mä gi Wierder do ëmmer duer?

Hu mer net grad déi lescht zwee Deeg erlieft, datt et nach bal méi wichteg ass sech mol richteg ze beréieren, jo physesch beréieren? War et net eng grouss Symbolik, wéi e Sonndeg d'Leit op de Stroossen an déi vill Politiker an der éischter Rei zu Paräis Aarm an Aarm gaangen si fir ze manifestéiere fir eng an déi selwecht Cause? Sech upaken, sech fillen, sech stäipen an sech festhale bréngt een net nëmme méi no, mä mécht een och méi staark. Duerch Zoufall hunn ech de Weekend och e Reportage zum Sujet Beréierung gesinn an deem et drëm gaangen ass, datt eisen Taaschtsënn, wuel deen ass, dee mer am mannste fuerderen a gebrauchen. Dobäi si Beréierungen, sou e Fuerscher, sou eppes wéi Nahrungsmëttel fir de Kierper an d'Gehir. Wien ni ëmäermelt gëtt, wien ni en anere beréiert oder beréiert gëtt, kann net glécklech sinn an dat gëllt an all Alter. Wann ee jonk ass, ass et normal sech ze beréieren an duerno? Heemelen, schmusen, an den Aarm huelen, léifdrécken oder ganz einfach eemol engem seng Hand huelen- dat ass keng Fro vum Alter, et sinn sou einfach Geste mat sou enger grousser Wierkung.

Besonnesch an Zäite wéi elo, an deenen een d'Bedürfnis huet méi no beieneen ze réckelen.

Apropos "Sech spieren"



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.