Apropos vum Daniel NepgenLéift Steffi

Déi ganz Welt ass matenee vernetzt a jidderee ka sech zu Wuert mellen ... zu all Moment, zu all Thema, ganz demokratesch. Dass nawell net jidderee vun deem Recht Gebrauch mécht, fënnt den Daniel Nepgen luewenswäert. Hien huet der Tennisspillerin Steffi Graf dofir e Bréif geschriwwen.

Léift Steffi,

Ech hoffen ech dierf dech esou nennen. Du bass schliisslech net den „Wendler“ oder soss e Star, deen am Dschungel Wierm fruppst a sech beim Dusche filme léisst. Du bass eng Persoun, déi ech respektéieren. Virun allem, well ech dech ni héieren a gesinn. Du hues virun iwwer 15 Joer opgehalen Tennis ze spillen. Scho während denger Carrière waars du ëmmer e Rouegt, eent wat eréischt de Mond opgemaach huet, wann d’Gehier eng Iddi formuléiert hat. An elo? 15 Joer laang Funkstille. "Bild", "Bunte" a Konsorte kucken domm aus der Wäsch. Du liwwers hinne kee Fudder. Wann dann emol eng Ausso kënnt, dann esou eng wéi am Dezember, wéi s du an Indien zu Mumbai viru Schüler geschwat hues ... eng Ausso, déi däi Liewe resuméiert: „Riicht äre Bléck Richtung Stären, a bleift mat de Féiss um Buedem“, sos du. En Zitat vum President Theodore Roosevelt. Wéi däi fréiere männlechen Homolog Boris fir seng Autobiografie aus dem Faust zitéiert hat, „Augenblick, verweile doch“, hu mer all just u säi Quickie am Debarras geduecht.

Wann s du vu Balance schwätz, da liefs du et vir. Du bass bal esou konsequent wéi de Jean-Jacques Goldman. Deen huet sech virun enger Dose Jore bal komplett aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn a weist sech just nach wann et ëm seng Enfoirés geet. E gouf trotzdem viru kuerzem fir déi véiert kéier hannertenee vun de Fransousen zur beléifster Perséinlechkeet gewielt. E Mann, deen schonn eng Dose Joren a punkto Aktualitéit zu allem näischt seet. Anescht wéi hien hues du en eegenen, offizielle Facebook-Profil. Dass du dech do „Stefanie“ an net „Steffi“ nenns, seet och schonn erëm vill iwwert dech aus. Wanns du dech virum Taj Mahal knipse léiss, da wierks du wéi dat scheit Meedche vu Brühl, net wéi e Weltstar dee sech an Zeen setze wëll. D’Foto mat dengem Mann André virum Chrëschtbeemchen? Einfach eng sténknormal Familljefoto. An ëmmer erëm, wann iwwerhaapt eng Meldung, dann eppes wat mat denger Fondatioun ze dinn huet, wou dir déi séilesch Gesondheet vun de Kanner um Häerz läit, déi Krich a Misère matgemaach hunn.

Ee vun de mat Ofstand meeschtgekuckte Videoen op der RTL Facebooksäit war d’lescht Joer dee vun engem Iesel, dee mat vill Kaméidi een an d’Loft gesat huet. Dat wëllen d’Leit gesinn an héieren: en Iesel, deen de Boxenhouscht huet. Heiansdo, léift Steffi, ginn ech op deng Säit, fir einfach emol eppes unzeklicken, dat normal ass. Mä am allerléifsten hunn ech bei dir, dass du dech esou rar méchs. Du bedeelegs dech u kengem opgeblosene Klengkrich an de Boulevardsblieder a kommentéiers weder PEGIDA nach de Konflikt am Noen Osten. Op d'Fro hin, wat dech nuets géing vum Schlofen ofhalen, sos du am Interview mam "Guardian": "Den André, d'Kanner, meng Fondatioun ... an heiansdo eis Hënn".

P.S.: är wäiss Kaz, déi der am September kritt hutt, ass wonnerschéin.

20/01/2015 Apropos: Léift Steffi



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.