Apropos vum Christiane KremerStäerkten

Wäerter, Respekt a Fräiheet- dës Wierder tauchen an de leschten Deeg ëmmer méi op- besonnesch an der Aktualitéit an ëmmer da wann et ëm Diskussioune geet, Verännerungen oder Meenungsverschiddenheeten. Dobäi sollen des Wierder eigentlech ëmmer aktuell sinn, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

Ech sinn an engem Betrib opgewuess, souguer engem duebele Betrib an hunn als jonk Schülerin och ëmmer schonn eng Hand misse mat upaken- dat war souzesoe mäin Vakanzjob. En Job an deem ech nieft dem Verstoe wéi e Geschäft funktionéiert awer och Regele geléiert hunn, déi iergendwou allgemeng gülteg sinn. Dat geet mam Respekt an der Frëndlechkeet un, an engem Betrib, an deem de Slogan „Le client est roi“ iergendwou schwieft, och wann en d'Saach net ëmmer einfach mécht. „Sief gentil, dat ass eng Stäerkt“, sot meng Mamm ëmmer „a wann se dech nach nerven, dann dréi dech ëm an denk der däint.“ Och dat war net ëmmer einfach. An am Alldag ass et och net ëmmer opgaangen, a wann d'Frëndlechkeet op där anerer Säit gefeelt huet, ass sech och ganz resolut gewiert, awer ouni agressiv ze sinn.

Sou dacks tauchen dës Erënnerungen a mengem Kapp a leschter Zäit op. Ëmmer da, wann et anzwousch hefteg mënschelt oder sech der e puer net aus de Féiss kommen. Oder aus de Rieder. Gëschter Moien ass mer dat opgefall, wéi ech zu Fouss ënnerwee op de Bus war an op där Plaz, wou ech soss och dacks mam Auto stinn a waarde muss bis ech, trotz Virfahrt, a meng Strooss kann abéien. Dat ass alt heiansdo esou.

Den Automobilist gëschter Moien op där Plaz hat wuel och e bëssi laang gewaart oder vläicht och net matkritt, datt hie Virfahrt hat, op alle Fall krut en vun deem hannendrun eemol getuut. Och ok, dat duerf een a soll een och.

Dat Tuten huet awer net opgehalen. Iergendwann ass et du virugaangen an deen ongedëllegen Automobilist hannendrun, huet dunn och nach profitéiert op der Bunn niewendrun stoen ze bleiwen an ze diskutéieren. Wat do geschwat gouf, weess ech net, wëll ech net wëssen a geet mech och näischt un. Wie Recht hat a wie getrëntelt huet, wie wou falsch manövréiert hat oder geféierlech gehënnert huet, ass mer um Enn och nach egal.

Déi eenzeg Fro, déi ech mer gestallt hunn war: Wier eemol tuten net och duergaangen?

Oder fir et mat menger Mamm hire Wierder ze soen: „Sief gentil, dat ass eng Stäerkt, a wann se dech nach nerven, dann dréin dech ëm an denk der däint.“

Apropos "Stäerkten"



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.