Apropos vum Gibbes Bertoloop d'Schëff geschéckt ...

Den Alter ass näischt Schéins, soen s'ëmmer ... an iwwerhaapt: et ass eng elle Welt ! Zäit fir dat mol kuerz ze änneren

Apropos


Mir sinn eis jo eens, datt d'Nouvellen a leschter Zäit net terribel motivéiere fir mat groussem Optimismus no vir ze kucken. D'Welt ass zanter knapp 3 Wochen nach eng aner ewéi se schonn nom 11. September 2001 gi war. Et gëtt keng Fräiheet méi ouni Risiko. Domadder musse mer eis wuel offannen, och wann et kee schéint Gefill ass.

Wéi gutt deet et dach do, wann een alt mol déi eng oder aner Nouvelle zerwéiert kritt déi engem e klengt Laachen an d'Gesiicht zaubert an aus deem groen an dréiwen Alldag eraus rappt. Mir ass et op alle Fall esou gaange wéi ech vun der 86 Joer aler Amerikanerin Lee Wachtstetter gelies hunn. D'Madame ass zanter 1997 Witfra, si war en halleft Joerhonnert laang bestued an dee leschte Saz, deen hire Mann hir um Stierfbett mat op de Wee ginn huet war "Don't stop cruising !" An esou huet d'Lady et dann och gemaach, si reest zanter gutt 7 Joer permanent ronderëm d'Welt. Als Dauerpasséier u Bord vum Premiumliner "Crystal Serenity". Natierlech sinn déi finanziell Viraussetzunge fir esou e Liewensowend optimal, hire Mann war e grousse Banker an Immobilienexpert, an anere Wieder: et ass keng Fro vu Suen. Eng Eenzelcabine kascht ëmmerhin 140.000 Euro d'Joer, dat sinn also Präiskategorie wou eiseree Raute muss wénken. D' "Mama Lee", wéi se mëttlerweil vum Schëffspersonal genannt gëtt, léist sech also ronderëm d'Auer kulinaresch an och soss verwinnen, léiert permanent nei Leit kennen an ass just eng Grimmel traureg, datt se hir 7 Enkelkanner bal net méi gesäit. Mä si ass awer via Laptop bal all Dag mat der Famill a Kontakt. Iwwer 100 Länner huet se mëttlerweil gesinn, 15 Weltreese leien hannerun hir a d'Lee Wachtstetter huet nach laang net genuch. Esou, wéi se hirem Mann et deemools versprach hat.

Sou gesinn ass et iwwerhaapt keng elle Welt an den Alter einfach nëmme wonnerschéin. Jo, ech weess ... kee Luxus ouni Goss. An et war jo och nëmmen e kuerzen Abléck fir op aner Gedanken ze kommen. Hoffentlech kommen där Momenter an nächster Zäit nees méi. Don't stop crusing, denk positiv !

Ech géing op alle Fall gären a ville Joere vu menger Fra op d'Schëff geschéckt ginn ☺