Apropos vum Christiane KremerHeemkommen

Déi eng sinn nach ënnerwee, déi aner laang erëm an nach anerer freeën sech nach op hir Vakanz. Wie reest, huet ëmmer eppes ze verzielen, seet en däitscht Sprachwuert. Datt Reesen engem de Kapp an d'Häerz opmécht ass och d'Thema vum Apropos vun haut vum Christiane Kremer.

Et gesäit een esou vill, wann een ënnerwee ass. Et gesäit een iwwer seng Nuesespëtzt eraus an iwwer säin Horizont. Et hëlt een op, wéi anerer liewen, wéi se zesummeliewen, wéi se schaffen. An dacks bréngt ee genuch vun der Rees mat, net nëmme materiell Souveniren oder Cadeauen, mä och Erliefnesser, Iwwerleeungen, Gedanken, Emotiounen, déi engem hëllefen och emol den Alldag a Fro ze stellen. An den Automatismus an d'Selbstverständlechkeet, mat deenen een heiheem dacks alles gesäit an ëmsetzt.

Reese mécht also de Kapp op fir aner Vuen. Reese soll awer och oflenke vu Routinen, Boboen oder och dem Stress, deem een sech ëmmer nees aussetzt. Et ass de gudde Moment fir déi eege Batterien nees opzelueden a mat frëscher Energie heemzekommen.

Heemkommen! Do ass et: Dat Wuert, dat um Enn vun all Vakanz steet. Heemkommen, e Wuert, dat esou berouegend ass, dat engem e Gefill gëtt vu Gebuergenheet, vun anzwousch hinzegehéieren, Frënn, Famill, Wuerzelen ze hunn. Mir geet et esou, no all Vakanz freeën ech mech och ëmmer drop heemzekommen.

Wéi ech mer dees vrun zwou Wochen um Enn vu menger Rees bewosst gi sinn, huet sech ënnert dat Gefill vu Gebuergenheet, awer och op eemol onbewosst e Gefill vun Onwuelsinn gemëscht, wéi wann an deem Gedanken iergendeppes mech géif derangéieren.

Ech hunn e bëssi gebraucht, bis ech wosst wat et wier. Neen, et hat weder eppes mat menger flotter Vakanz ze dinn, nach mat der laanger Rees oder der Feststellung, datt déi relax Zäit vum Joer lo leider eriwwer ass. Neen, et war emol guer net op mech perséinlech bezunn.

Et hat ganz eleng mam Wuert „Heemkommen“ ze dinn a mat der Aktualitéit, där een néierens op der Welt aus de Féiss kënnt.

Ech hu mech traureg gefrot, wéini déi vill Flüchtlingen, déi den Ament probéieren an Europa eng Plaz ze fannen, wou se dem Krich, dem Misär, dem Terror, der Gewalt aus de Féiss kommen, wéini, déi dann nees eemol duerfen un dat Wuert „Heemkommen“ denken.

Apropos "Heemkommen"


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.