Apropos vum Rich SimonStress an enger relaxer Vakanz

D´Vakanz ass fir déi meeschten Leit elo riwwer. Och fir de Rich Simon. Am Apropos vun haut huet hie sech Gedanke gemaach wéi relax eng Vakanz fréier war a wéi dat haut ass.



Virun e puer Joer war ech op Kielen dem Jemp Schuster säi Stéck „Camping Sonnestach“ kucken. Ech gouf zeréck a meng Kannerzäit versat. Mat mengen Elteren ass et nämlech deemools an Holland op de Camping gaangen. Bis mir awer do waren, war Stress virprogramméiert. Et ass lass gaange mat deem wéi een alles an den Auto kritt. A well dee souwisou ëmmer ze kleng war ass de Portebagage montéiert ginn. Do gouf dunn eist blot Zelt drop gepaakt. Si mir dann ouni Panne ukomm, dann ass opgeriicht ginn. Séier huet een dann festgestallt, dass déi eng oder aner Staang vum Zelt feelt an och d’Piqueten fir d’Seeler fest ze maachen waren net ëmmer alleguer derbäi. Wat ee Stress.

Haut ass dat anescht. Schliisslech geet et elo mam Fliger fort. An awer: Stress huet een nach ëmmer. A wat fir een. Dat mat de Kleeder an d’Walliss paken ass nach dat mannst. Awer dat Gekabels wat ee muss mathuelen! Et fänkt u mam Kabel fir den Handy. Well d’Fra jo een aneren Telefon huet, mussen där zwee agepaakt ginn. Idem mam Tablet. Natierlech muss jo och de Laptop mat. Et weess ee jo ni. D’Zäite wou een nach ee Buch matgeholl huet sinn och riwwer. Den eReader geet mat. De Kabel net vergiessen. Zwee  Mol w.e.g. Der Fra hiren ass schliisslech een anere Model.

Huet een dann alleguerten d´Apparaten zesummen, da muss eng wichteg Decisioun geholl ginn. Wat geet mat an d´Walliss a wat mat an d´Handgepäck? D´Walliss kéint jo verluer goen. An dann wier jo déi ganz Vakanz….Dir wësst schonns…..

An dann déi onendlech laang zwou Stonnen am Fliger an deenen een net ka kucken goen, wat um Facebook lass ass. Et kritt ee keng SMSen keng WhatsAppen, keng Messenger an och keng Pushen. D´Welt kéint ënnert engem quasi ënnergoen an et géif een et mol net en temps réel gewuer ginn.

Wann een dann awer nees alles däerf aschalten, geet d´Sich nom Wlan lass. D´Fro nom Passwuert ass schliisslech déi éischt, déi een an der Rezeptioun vum Hotel stellt.
Et geet een haut och net méi an dee Restaurant, wou et de beschte Kascht gëtt. Et geet een an deen, deen de beschten WiFi Reseau huet. Et muss ee jo direkt de Plat knipsen an de Kollegen a Frënn d´Foto schécken. Et wëll ee si jo neidesch maachen.

All dee Stress an enger relaxer Vakanz.

Wat war et deemools schéin um Camping an Holland. Am bloen Zelt, wat net ganz waasserdicht war. A wou de Gaskocher ëmmer iwwer dem Kachen op eemol kee Gas méi hat.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.