Apropos vum Michelle ReiterKënnen och Länner 'Burnout' kréien?

Burnout - eng Krankheet déi lues ugeschlach kënnt, wann ee sech ze vill oplued, wann ee net op säi Kierper lauschtert. Ob eemol ass den Dag do, et huet een den Iwwerbléck verluer, et ass ee komplett paralyséiert a vu Kraaft an Hoffnung bleift kee Fonke méi iwwereg.

Et gëtt dacks am Kontext vu 'Burnout' vun der neier Vollekskrankheet geschwat. Ausgebrannt sinn. Laut Definitioun : den Endzoustand vun enger Entwécklung déi mat idealistescher Begeeschterung ufänkt an iwwer frustrant Erliefnisser zu enger Desillusiounéierung fréiert. 'Burnout' ass zwar keng Krankheet mä e Problem säi Liewe bewältegt ze kréien. Den Ausléiser an der Regel : Stress.

Wann een all dat lo net op de Mënsch bezitt mä op e Land, oder besser nach op verschidde Länner an der EU déi quasi iwwerrompelt gi si vun enger Tatsaach op déi se hu misse reagéieren.
Decisioune ronderëm d'Flüchtlingen hu missen huerteg geholl ginn. Mir hunn déi Biller gesi vu ville Leit mat purer Hoffnung an den An, mat deem enormen Enthusiasmus  fir an eis Welt ze kommen. Mat dem Wëlle fir a Fridden ze liewen a Rou ze hunn.
D'Initiativ fir ze hëllefe war direkt do. Bei ville Regierungen, Associatiounen a Privatleit. Spontan sinn d'Réfugiéen opgeholl ginn. Mat zwee Äerm, soulaang mer  déi béid fräi haten. Politiker hu sech breet gemaach fir der Well vu Leit déi aus Syrien, dem Irak, Afghanistan oder wou nach komme fir opgeholl ze ginn op enger Plaz wou se hire Kanner kënnen eng Zukunft bidden a wou se ouni Angscht kënne liewen. All si waren a sinn op der Sich no 'neiem Gléck'. Dofir hu si déi ganz Strapazen op sech geholl.

Wat den normale Mënsch sech awer freet ass ganz einfach ob et méiglech ass fir all déi Leit wierklech glécklech ze maachen? Hir Erwaardungen ze erfëllen?
Als Kand gëtt ee scho geléiert: 'iwwerlee fir t'éischt iers de eppes mëss'. Awer wien hat an dëser Situatioun schonn d'Chance sech e Bild vun dem ze maache wat géing kommen?

A wéi wäit kënne mir deene Leit hir Wënsch wierklech erfëllen?
Wéi geet all dat wat lo réischt um Ufank steet praktesch weider?
Mir héieren, dass mer sou vill Leit brauche fir eis Economie an Zukunft um lafen ze halen awer wéi geet dat reell?

Mä ass et iwwerhaapt erlaabt fir esou Froen zu der Flüchtlingskris haart ze stellen oder leeft een dann net Gefor e Stempel opgedréckt ze kréien?

'Burnout' war och laang en Tabu-Thema. D'Leit hu sech och do net getraut fir fréi genuch Froen ze stellen, zu dem Problem, wéi d'Definitioun et seet, d'Liewe bewältegt ze kréien.

24/09/2015 A Propos : Kënnen och Länner 'Burnout' kréien?



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.