Apropos vum Roland KaltéEmpathie

D’Hillary Clinton mécht Reklamm - fir sech natierlech, ... schliisslech wëllt se déi éischt amerikanesch Presidentin ginn, awer och fir Empathie. Empathie statt Egoismus, Matgefill statt Récksiichtslosegkeet.
 
Eh jo, déi gutt Empathie. Soll jo d’Welt kënne retten. „Douce Muecht“ - nennt si dat, d’Mme Clinton. Empathie mat de Feinde vun Amerika. All Mëttel benotzen, fir méi Fridden a méi Sécherheet.
 
Empathie heescht, d’Fäegkeeten, d’Bereetschaft, Gedanken, Emotiounen, Motiven vun anere Leit z’erkennen an ze verstoen. Dozou gehéieren och d’Gefiller vun deenen aneren: Matleed, Trauer, asw. Empathie mécht d’Mateneen méi harmonesch, stabiliséiert d’Relatiounen, deet der Séil gutt, huet positiv Niewewierkungen op d’Gesondheet, dréit derzou bäi, dass d’Welt méi friddlech, méi frëndlech gëtt.
Empathie muss also eppes Guddes sinn. Kéinte mer ouni si friddlech zesummeliewen? Wuel nit!
 
Allerdéngs, wat de Mënsch eis méi friem ass, wat mer eis méi schwéier dinn mat eisem Matgefill, mat eiser Empathie. Gesi mer de Strummert och nach, wann en op deeër anerer Stroossesäit sëtzt? Wiessele mer extra fir hien d’Stroossesäit? Knapps! Oder?
 
An och, wann et ëm politesch Entscheedunge geet, wat d’Madame Clinton jo wëllt uspriechen, gëtt et schwéier. Do geet et ëm Mënschegruppen, an ech mengen, do verseet se, eis gutt Empathie. Kënne mer eis nach an déi eraversetzen? An e Vollek, an e Land? Kënne mer deenen hier Motiver, Emotiounen, Gedanken erkennen a verstoen?
 
Oder muss Empathie mol richteg definéiert ginn? Geet et ëm Matgefill, oder heescht et, dass ee gutt verhandele kann?
Nit, dass dat mënschlecht Afillungsverméigen mëssbraucht gëtt, fir anerer ze manipuléieren, wat ee bei Politiker jo nawell dacks fäerte muss.

Apropos "Empathie"



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.