Apropos vum Yann LogelinFaarwerausch

Och wann net zu 100% gëllen ass, esou beschäftegt sech de Yann Logelin a sengem „A propos“ de Moie mam Oktober...

Den Oktober, de Wäimount, ass e Mount voller Faszinatioun fir mech an dat all Joer op en Neits. Et ass dee leschte Mount an deem och emol nach am Nomëtteg am T-Shirt eraus kann, och wann ee schonn onbedéngt fir d'Owesstonnen eng Jackett brauch. Et ass awer virun allem dee Mount an deem een dat schéinst Faarwespill vun der Natur gebuede kritt, eng Natur, déi do scho bal an e richtege Rausch fält: e Faarwerausch!

Vu kräfteg gréng, wéi d'Wisen et den Ament nach sinn, op deene sech Kéi a Päerd nach richteg wuel spiren, geet d'Panoplie vum Spektakel iwwer hell an däischtergiel, Faarwen, déi ëmmer Besëtz ergräife vun de Beem a viru mat allen Nuance vun orange bis déif rout, dat Kleed wat sech déi aner Beem no an no undi fir hire leschten Tour ze danzen, ier se, wéi esou villes dobausse mat den däischteren a kuerzen Deeg no an no an hire Wanterschlof falen.

Et ass nach emol Zäit, déi lescht Blummen mat hirem wäisse, gielen oder mofe Bléien ze bewonneren, sech nach emol d'Zäit ze huelen de Villercher nozelauschteren, ier och dës hiren Dagesrythmus op de wanterleche Minimum reduzéieren.

Momentan ass et e Genoss, ob elo Moies wann d'Sonn grad opgeet an eréischt op d'Spëtze vun de Koppe schéngt oder Owes, wann et genee den ëmgedréinte Wee geet an awer nees déi héchste Punkte vun den Hiwwelen nach strahlen, ier et däischter gëtt. Strahlen op eng intensiv Manéier, déi ee weder am Fréijoer nach am Summer gebuede kritt, well elo eben esou vill verschidde Faarwe vun a mat der Sonn fonkelen a glënneren.

Et ass e Mount, deen awer och bei groem Himmel faszinant ass, ebe well d'Natur nach emol alles gëtt an all Zort vu Fuerf fäerdeg bréngt, och wann den Himmel engem bal op de Kapp fält, well niddreg Wolleken, Niwwel a Gefisems schonn d'Spëtzt vun den GSM-Antennen oder Wandrieder schlécken, an ee vun dëse just nach de Klang vun hire Rotoren héiert.

Et ass e Mount, deen den éischte Frascht bréngt, dat éischt Äis Moies op de Wisen a Felder an domat annoncéiert, wat nach alles op eis waart bis et dann endlech nees méi hell a méi waarm wäert ginn. E Mount fir ze genéissen, fir dran opzegoen a fir nach emol Fuerf a Freed ze tanken. Bis d'Natur dann dat anert Joer am Mäerz oder Abrëll nees mat éischte Fréijorsblummen an dem helle gréng vun den éischte Blieder op Hecken a Beem e ganz anere Faarwerausch bréngt.


06/10/2015 Apropos: Faarwerausch



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.