Apropos vum Daniel NepgenDress to impress ... yourself

Eis Gedankewelt an déi reell Welt dobaussen decke sech net ëmmer onbedéngt zu honnert Prozent. Et ass eis iwwerlooss, wéi mir deen Ënnerscheed iwwerbrécken an dat Bescht draus maachen, mengt den Daniel Nepgen.

En hat mech wochelaang vun de Reklammspanneauen aus am Viséier, mat sengem Schlofzëmmerbléck a senge perfekten Hoer ... den David Beckham. A wat hat e fir e flotten, donkele Pullover u mat beige Sträifen iwwert der Broscht. Iergendwann sinn ech schwaach ginn. Wéi ech am schwedesche Kleederbuttek mam selwechte Pullover virum Spigel stoung, hat vu senger Coolness awer leider näischt op mech ofgefierft. D'Fuerfkombinatioun schmeechelt mengem Teint einfach net. Mëttlerweil sinn ech clever genuch, esou e Kleedungsstéck dann zeréck an de Rayon ze leeën. Doheem am Schaf géing et just Stëbs usetzen.

Woubäi ech de Prinzip, deen hannert esou enger Kafdecisioun stécht, awer duerchaus verstinn a selwer an enger anerer Form fir mech notzen. Wann ee sech duerch de Kaf vun engem Accessoire och nëmmen e Stéck méi no bei sengem Ideal ka spieren, bezilt ee gär de Präis dofir. Dat Ideal ass eppes diffuses, och wa verschiddener vun eis d'Gesiicht vun engem Promi drop setzen. Mir wëllen eis einfach besser spieren an zum Deel och besser Mënsche sinn. Dat sot och de Star Designer Philipp Plein an engem Interview am August. E Pullover mécht net de Mann flott, mä de Mann mécht de Pullover flott. Well wann hien en unhuet a sech gutt spiert, kritt hie Confiance. Et muss och keen deiere sinn.

Ech muss éierlech zouginn, dass ech scho bei mir selwer observéiert hunn, dass ech mech anescht behuelen a méi oder manner labber si jee nodeem wat ech unhunn oder mat mir ronderëm schleefen. Et ka sinn, well mir eng Vendeuse gesot huet, wéi flott ech mat engem bestëmmten Hiem ausgesinn. Et ka sinn, dass mir eng bestëmmten Auer dat Gefill gëtt, well si fir eng wichteg Etapp a mengem Liewe steet ... oder en Talisman, deen ech vun engem wichtege Mënsch geschenkt krut an a schwierege Momenter eraushuelen an triwwelen. Et sinn Unhaltspunkten, déi eis Halt am Liewe ginn. Well ob mir wëllen oder net: mir projezéieren an alles, wat ronderëm eis ass, eppes dran. Wien am beschte mat deene Referenzpunkte jongléiere kann, kënnt am beschten duerch d'Liewen a konzentréiert sech op déi positiv Saachen. Et ass e Stéck Fräiheet. Wann dir dofir en David Beckham Pullover braucht: kaaft iech en.

Wéi ech mech nom Trajet op d'Aarbecht elo wéini eng kéier moies um Bureau op mäi Stull gesat hunn, ass mir opgefall, dass ech a menger hënneschter Boxentäsch eppes hat, wat net dohi gehéiert. Ech hunn e klenge Spillsaachenauto erausgefëscht. Ech hu kuerz geschmunzelt an hien erëm genee dohin zeréck gestach. Dat bësse Komfort afferen ech gär fir eng Grëtz Fräiheet.

Apropos: Dress to impress ... yourself


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.