Apropos vum Gérard FloenerMateneen

Et héiert een ëmmer nees, datt d'Gesellschaft amgaangen ass ëmmer méi individuell ze ginn, an ee harmonescht Mateneen ëmmer méi rar gëtt, well jiddwereen a sengem Eck seng eegen Zëppche kacht.

15/10/2015 Apropos: Mateneen



Viru kuerzem sinn ech mam Zuch vu Bréissel heem op Lëtzebuerg komm. Op der Gare du Midi ass eng belsch Schoulklass an den Zuch geklommen, déi vun enger Visite zu Bréissel nees heem op Libramont gefuer sinn. Een Deel vun de Schüler (17 Joer), an och hir Proffen, souzen direkt viru mir, esou datt ech hiert Gespréich gutt matkritt hunn. An dobäi ass mir virun allem eppes opgefall: Dat wor keng klassesch Relatioun tëscht Proff a Schüler, mä ee Mateneen am géigesäitege Respekt, voller Interessi an Opmierksamkeet.

D'Schüler hunn aus hirem Alldag erzielt, wouriwwer si sech ameséieren, wat hinne Spaass mécht, mä och wouriwwer si sech Gedanke maachen. Schoul a privates. An d'Proffen hunn nogelauschtert an dorop reagéiert. Si hunn och privates vu sech erzielt, wat d'Schüler och mat Interessi nogelauschtert hunn. Et ass esou guer esou wäit gaang, datt si sech géigesäiteg hir Handye ginn hunn an déi privat Fotoe gekuckt hunn. A wann do méi penibel Fotoen dobäi woren, dann hu si zesummen driwwer gelaacht, keen huet de Geck mat engem anere gemaach, oder e vun uewen erof behandelt. Schüler a Proffe woren op Aenhéicht, an all Situatioun.

Ee vun de Proffen hat esou guer op eemol eng Laachkris, déi d'Leit déi ronderëm souzen mat ugestach huet. Iergendwéi wor jiddwereen an dat wat an deem Grupp geschitt ass mat agebonnen, et huet kee gestéiert, an et wor eng gutt Stëmmung. Kee Kaméidi, mä einfach gutt Laun déi ugestach huet.

Et wor natierlech net esou, datt d'Schüler all zesumme bei hire Proffe souzen. Een Deel hat sech méi wäit hannen am Wagon verzunn. Mä och déi wore roueg, hu keng Dommheete gemaach, a sinn och heiansdo bei déi aner komm, fir do mat ze schwätzen an heiansdo ze gecksen. A wéi eng Kéier een um Handy ee Lidd méi haart gelauschtert huet, krut hie roueg a frëndlech gesot, datt hien déi wann ech gelift méi lues soll maachen, well villäicht net dee ganze Wagon dat héiere wëll. Hien huet direkt gefollegt a sech entschëllegt.

Déi Situatioun huet mech drun erënnert, firwat ech mech viru laanger Zäit an enger belscher Schoul esou wuel gefillt hunn. Firwat ech esou gär zu Bréissel gelieft hunn, an ëmmer nees gär dohi ginn.

Wéi dee ganzen Trapp dunn zu Libramont erausgeklommen ass, ass et eidel ginn am Zuch. Net onbedéngt méi roueg. Mä et huet eppes gefehlt. Eppes, wat mech duerno nach laang beschäftegt huet, a vun deem ech mir virgeholl hunn eppes mat a mäin Alldag mat eriwwer ze huelen: Nees méi mateneen amplaz niefteneen ze liewen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.