Apropos vum Christiane KremerOp der Sich no der verluerener Zäit

En Donneschdeg kommen a Frankräich fir d'éischte Kéier d'Original-Manuskripter vum Marcel Proust senger Episode vun der Madeleine an der Taass Téi eraus, déi a sengem Wierk "A la recherche du temps perdu" publizéiert goufen. Och d'Christiane Kremer mécht sech am Apropos vun haut op d'Sich no der verluerener Zäit.

Ech hunn de ganzen Zäit d'Impressioun, ech hunn eppes verpasst. Et ass mer, wéi wann eppes mer ze séier gaange wier, dovunner ofgesinn, datt ech souwisou d'Impressioun hunn, datt d'Zäit richteg fortleeft, mä ech weess vun de Gespréicher a mengem Ëmfeld, datt ech dat Gefill net eleng hunn. Firwat ass dat dann esou? Heiansdo stellen ech mer d'Fro, ob et net besser wier, sech méi ze langweilen, manner mengen, mussen eppes ze maachen, aktiv ze sinn, eppes ze ënnerhuelen, eppes unzehuelen a sech um Enn jo dach z'iwwerhuelen. Dës Lescht hunn ech mat enger Frëndin doriwwer philosophéiert, wat elo besser fir ee selwer ass. Mä um Enn weess ech jo dach, datt ech bei der nächster Aktivitéit, nees net laang iwwerleeën, mä maachen. An iergendwann hunn ech dann nees d'Impressioun, ech hätt fir näischt Zäit!
 
Trotzdeem maachen ech mech awer den Ament a Gedanken – fräi nom Proust - op d'Sich no der verluerener Zäit. Dobäi hunn ech guer keng verluer, och ech hat wéi jiddereen all Dag, all Stonn, all Minutt, all Sekonn vun dësem Mount Oktober. Sou wéi et a mengem Agenda steet.
 
Ugefaang huet déi Sich, wéi ech d'lescht Woch op eemol meng Garderobe sou schëtzeg vu Summer op Wanter hu mussen ëmstellen: Wéi d'Sandalen direkt vun de Stiwwelen ofgeléist goufen, ouni datt dertëschent nach en normale Schong gestréckt ginn ass. Oder wéi de Summerrack aus der Wäsch an de Schaf gehaangen an de Wantermantel aus der Reserv opgetaucht ass. Gutt, ech hat mer erlaabt, nach eng Woch Sonn am Süden un de waarme Summer drunzehänken, an elo fannen ech heiheem den Hierscht net méi erëm, trotz de schéinen, faarwege Beem.
 
E Samschdeg an der Stad hat ech an där dréiwer, niwwelzeger Ambiance scho bal d'Gefill, lo misste gläich Luuchten, Käerzen oder Glühwäin vru mer optauchen. E bëssi Helles an e bëssi Waarmes an där killer Atmosphär. Mä et si jo awer nach e puer Wochen, ier déi éischt Käerz ugefaange gëtt.
 
Dat Gefill ass mer de ganze Weekend net aus dem Kapp gaangen an um Enn hunn ech mech gefrot, ob ech wierklech just d'Wieder als kill an ongemittlech ëmfannen. Oder ass et net awer sou eng allgemeng ënnerkillte Stëmmung ënnert an tëscht eis alleguer? Sou eng Angscht, sou eng Onsécherheet, sou eng Betraffenheet.
 
A vläicht brauche mer wierklech alleguer endlech eng Luucht, déi mer kënnen zesummen ufänken an déi iwwer de Wanter ewech weider liicht a wiermt.

Apropos "Op der Sich no der verluerener Zäit"



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.