Apropos vum Marie GalesVerkéier

Gedanke vun enger verzweiwelter Fra déi all Dag Auto fiert!

© rtl.lu
Apropos Verkéier


Zanter 21 Joer kommen ech aus dem Süden an d'Stad schaffen a kucke mir schonns esou laang dëse wëlle Westen op eise Stroossen un. Net nëmmen dass ech mat Momenter béis Gedanken hunn op all déi, déi verjuppt hunn e Stroossesystem sou ze konzipéieren, dat ganz vill Autoen drop passen...ma och déi Leit, déi sech all Dag mat mir vun A bis B beweegen, brénge mech ëm meng Gedold ...

Éischten Erkenntnis: Telefonéiere mam Handy um Ouer oder SMSE schreiwen, dréit näischt zum kompetente Fuerstil bäi. Kee Mënsch ass multitask.Iessen a fueren an oppasse fir kee Fléck op d’Box ze maachen, drénken an net sabbelen, um Navi, Radio, Zigarette oder u soss wat oder wiem triwwelen...alles dat lénkt of fir dës Maschinn anstänneg ze lénken.
Am Stau wéi op der Schipist hin an hier ze fueren..bréngt just aner Leit a Gefor an net virun.
Panikattacken bei enger Drëps Reen oder Flack Schnéi sinn net déi bescht Viraussetzung wann een Auto wëll fueren.
Eng schlecht Kannerstuff vermudden ech bei all deenen, déi een trotz Winker an eng File net eraloossen. Vu béise Fanger maachen oder pöbelen mengen ech net weider Wieder mussen ze verléieren...

Wahrscheinlech verännert den Auto och de Charakter vun engem Mënsch. Dofir och wann ee e Panzer huet, och als SUV bekannt, soll kengem e Grond gi fir ze mengen, dass d'Strooss him eleng gehéiert.
Ma och Chaufferen vun sougenannten Dëppen kommen net gutt a menger Statistik ewech; déi wëlle sech vun décke Ween net iwwerhuele loossen a brausen wéi en Hong ouni Kapp drop lass.
Gutt Fro, firwat muss en Auto iwwerhaapt sou séier fuere kënnen? Fiert een eng iwwerdriwwe Vitesse, kann et engem bléien duerno de Bong mussen ofzeginn.  
Dozou fält mir an, dass och vill Leit guer keng Assurance hunn an Auto fueren.
 
Bis haut hunn ech de Mystère vun der laanger Gaass net verstanen, déi sou munch ee virun sech léisst an engem Stau. A firwat fiert dee viru mir net un, wann déi rout Luucht endlech gréng gëtt? Ech gesi Leit hannerzech fueren op der Bande d’Urgence, fir engem Stau aus de Féiss ze goen. Gardien vun der Strooss hunn ech kenne geléiert, dat si Chaufferen, déi de Tirettesystem net verstanen hunn a sech dann deenen an de Wee stellen, déi dee System awer verstane hunn a no vir wollte fueren.

Nach e Wuert zu Motorradchaufferen, ech wosst guer net dass een net an der Mëtt um Stréch dierft fueren. Dat ass verbueden, ma ech gesinn nëmme Motto tëscht den Autoen am Stau!

Dofir, ech wénke Rauten, ech iwwerloossen demnächst d'Strooss all deenen aneren, déi nach besser Nerven hunn an ech klammen op den ëffentleche Transport ëm. Op mannst hënneren ech da mol net méi tëscht deenen 1000enden an 1000enden Autoen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.