Apropos vum Bea KneipAl an Nei

Wann een doheem raumt, da fënnt een esou munches wat ee scho laang vergiess hat. Dat ass och dem Bea Kneip esou gaangen

27/10/2015 Apropos: Al an Nei (Bea Kneip)
.


Elo wou d’Wieder een net méi esou dacks aus de véier Wänn erauslackelt, kënnt een jo och alt op d’Iddi fir doheem emol nees ze raumen. An Hand op d’Häerz, wien vun eis huet net genuch Gewulls dat een eigentlech guer net brauch...An dann nach dee ganzen ale Schrott vun Anno Tubak...da seet een sech: elo geet et duer, elo flitt et eraus! Esou eppes kann eng richteg Befreiung sinn, well et gëtt ee jo net nëmmen eppes ewech, et kritt een eppes dofir zréck, sief et dat gutt Gefill engem anere villäicht eng Freed domat gemaach ze hunn, oder och ganz einfach dat wat bei deene meeschten doheem chronesch feelt: nämlech Plaz! Mä heiansdo kann een sech dobäi och zolitt ieren...an eppes ewechgeheie wat engem duerno leed deet. Sou wier et mir och bal gaangen, mat mengen ale Vynilplacken. Déi Dénger huele jo Plaz ewech, op alle Fall méi wéi eng CD , an déi meescht Lidder huet ee jo souwisou an elektronescher Form op sengem Computer oder op sengem Handy. E ganze Plakkeschaf, den an d’Posch passt, souzesoen. Also, fort domadder! E jonke Museksfan huet mech dovun ofgehalen, een den net mat Vynilplacke groussginn ass, an se bis viru kuerzem just “déi grouss schwaarz CD’en” genannt huet. En duerft sech dann och zerwéieren an der esou vill mathuele wéi e wollt. Déi hunn elo en neit Liewe kritt, och wann de Sound duerch déi sëlleche Schréipsen net onbedéngt besser ginn ass. Se goufen ebe vill gelauschtert...an anescht wéi en digitalen Download si se nun emol net perfekt. Mä villäicht ass et jo grad dat wat esou ville Leit nees doru gefält. Mir selwer solle jo och ëmmer méi perfekt ginn, optimal fonctionnéieren, nëmme keng Schréips, nëmmen net sprange wéi eng al Vynilplack...mä domat gi mir leider net esou richteg eens. Kee Wonner, ëmmerhinn si mir Mënschen, onuerdentlech biologesch Entitéiten déi beim klengste Virus schonn op d’Nues falen. Wiere mer dach nëmmen digitaliséiert Datebanken, da wier alles besser! Ma nee, et géif näischt hëllefen, déi kënne jo och beim klengste Virus ofstierzen! Mir sinn also wat mer sinn, net perfekt, mä esou gutt wéi méiglech an heiansdo gi mer drun erënnert dass net alles wat Al ass dofir muss schlecht sinn, an net alles dat Neit automatesch besser ass.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.