Apropos vum Roland Kalté„Keng Muecht de Muechtmënschen“

„Keng Muecht de Muechtmënschen“ heescht et.
„Wëlls de de Charakter vun engem Mënsch erkennen, da gëff ëm Muecht!“ sot emol eemol de Lincoln.
 
Mä, eigentlech si mer dach all Muechtmënschen. Well, entweder übe mer se selwer all Dag aus, oder anerer iwwer eis. A grad do, wou s eis nit opfält, ass d’Muecht am wirkungsvollsten.
 
Si gëtt nit bewonnert, keen ass frou mat hir, si ass nit sympathesch, an trotzdem strieft jiddereen no hir. Si ass eppes Lackeleges, si zitt un. Si mécht sexy. Si ass ëmkämpft a si mécht blann.
Freet ee sech:
Muss dat esou sinn?
Wat ass e gudden Ëmgank mat der Muecht?
Brauche mer s’iwwerhaapt?
A wat ass Muecht eigentlech richteg?
Wëlle géint Wëllen duerchsetzen?
Oder – e bëssi méi raffinéiert - deem anere sengem Wëlle Grenzen, Regele setzen?
Oder nom Wëlle vun deem anere gräifen?
 
Muecht kéint vun iwwerall hier. Si duerchdréngt eis gesellschaftlech Bezéiungen.  Si ass op eemol do. Einfach esou.
 
De Grëff zur Muecht gehéiert zur Individuatioun vum Mënsch, deen eigentlech nëmmen zefridden ass, wann d’Saache no senge Virstellunge lafen. Sech hier entzéien ass immens schwéier bis onméiglech. Wa Muechtspiller oder –demonstratiounen dorëmmer lafen, dann ass e gutt a fairt Mateneen nit méi méiglech.
 
Si ass eppes Geféierleches. Si ass wéi e Messer, 't kann ee mat ëm Brout schneiden, awer och een dermat ëmbréngen.

Apropos "Keng Muecht de Muechtmënschen!"



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.