Apropos vum Christiane KremerNovember-Blue(s)

Allerhellgen, Allerséilen- mat zwee nodenklechen Deeg fänkt den 11 Mount am Joer, den November un. Domadder huet en net ëmmer dee beschten Image. D'Christiane Kremer probéiert, dat am Apropos vun haut riichtzebéien.

November - et ass dee Mount, deem een ëmmer sou e Gro-Schleier ëmhänkt, sou eng Trauermine opsetzt, sou eng onheemlech Ambiance undréit - sou eng Kierfechtsstëmmung an eng Gespensternuecht.
Mir sollen eis besënnen op den Doud, iwwer eis eege Vergänglechkeet nodenken, eis un déi erënneren, déi mer schonn hu musse goe loossen. An all dat geet besser, wann et gro an däischter dobaussen ass, oder? Mä iwwer den Doud nodenke geschitt jo awer net nëmme just op de Griewer an och net de Souvenir u léif Mënschen, déi een net vergiesse wëll a kann. Neen, dofir brauch ee kee besonneschen Dag a keng produzéiert Stëmmung, denken ech emol.
Trotzdeem stoung och ech virgëschter um Kierfecht beim Graf, op dat ech nach hierschtfaarweg Blumme geluecht hat, well ech weess, datt et deenen, déi do leien, Freed gemaach hätt.
Sou richteg ass et mer virgëschter awer net gegléckt, déi nodenklech Gedanke beieneen ze halen. De Grond: Um Kierfecht uewen op enger Kopp war alles anescht wéi traureg Ambiance. Et war sonneg, den Himmel wäit a blo, d'Sonn hell an de Wantermantel ze waarm.
De Paschtouer huet iergendwéi och dee Summerflair net aus senger Ried kritt an ech hu mech verleede gelooss, iwwert d'Kierfechtsmauer ewech an den Himmel ze kucken, do, wou Dauwe gekreest sinn, Kuebe gefladdert sinn a Fligere geflu sinn.
Ëmmer an ëmmer nees: Vun alle Säite ware Kondenssträifen ze gesinn, blénkeg kleng Vulle sinn héich uewe laanschteneen an an all Richtunge gezunn. An ech hat op eemol d'Gefill, et ware(n) sou Zeeche vun Opbroch, vu Bewegung, vun Aktivitéit a Liewegkeet.
Matten um Dag vun de Verstuerwenen.
Deen Dag, un deem een och un déi Lieweg denkt, well Allerhellge gesäit ee sou vill Mënschen erëm, déi ee soss am Joer seelen oder guer net begéint.
Schued, datt dat dann och just op engem Dag ass. Mä op d'mannst hat de sonnegen Allerhellge-Mëtteg invitéiert, e bëssi méi laang stoen ze bleiwen an ze poteren.

Apropos "November-Blue(s)"



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.