Apropos vum Gibbes Bertologanz Ouer ...

Matenee schwätze kann esou schéi sinn, wann och een deem aneren nolauschtert ...

Ech weess net, ob et Iech och schonn opgefall ass. Mä vläit hutt der Iech nach keng Gedanken heiriwwer gemaach. Oder awer Dir gehéiert zu deenen, iwwert déi ech mech elo mol hei kuerz wollt beschwéieren.

Et ass Weekend, mir sinn mol nees eng Kéier bei Frënn invitéiert, zesumme mat enger Koppel, déi mer bis ewell nach net kannt hunn. Den Oflaf vum Owend ass deen, deen ee kennt: Begréissung, Aperitif, e bëssche Small Talk, da gëtt sech ugesat, Entrée - Plat - Dessert, net ze vergiessen déi eng oder aner gutt Fläsch, déi zousätzlech dofir suergt, datt Gesellegkeet a Gespréichegkeet op Toure kommen, a spéitstens dann huet ee Gewëssheet: et kënnt een mol nees eng Kéier net zu Wuert. A wann, dann dauert et héchstens bis bei déi éischt Otempaus, wou dann dee vis-à-vis kalbliddeg d'Geleeënheet notzt a mat Genoss d'Rudder nees u sech räisst fir mat sengen eegenen Erfahrungen an Anekdoten d'Soirée virun z'animéieren. Tëschefroe sinn natierlech erlaabt, souguer erfuerdert. Mä gare la box et wot een et mol nees e puer Sätz aus dem eegene Liewe mat an d'Ronn ze bréngen ...

Mir kenne mëttlerweil e puer där Koppelen, déi immens gäre vu sech verzielen, awer einfach net op d'Iddi kommen sech och mol fir anerer z'interesséieren. Mol eng Kéier nofroen, wéi een dat da selwer gesäit, wéi eisen Hotel an der Vakanz da war oder wéi et eisem Kand dann elo am Lycée gefält.

Nolauschtere kann esou einfach sinn an awer ass et eng Konscht. D'Fähegkeet, säin Ego am Grëff ze hunn an deem anere fir eng Weil d'Plattform z'iwwerloossen. Ob doheem an der Stuff, an der Talk-Ronn an der Tëlee oder op der grousser Bühn vun der Weltpolitik.

Nolauschteren.

Dir wësst jo, wat dat ass. Ouni Iech géing et eis net ginn, de Radio brauch Nolauschterer. Mam Wëssen, datt, wann Dir eis eppes ze soen hutt, mir ëmmer een oppent Ouer hunn. An deem Sënn: Klamer zou.

Ech sinn dann elo mol gespaant, wien eis an Zukunft iwwerhaapt nach invitéiert. Zum Gléck wësse mer, wien eis Frënn sinn. A wie mir an Zukunft net méi ruffen ...

05/11/2015 Apropos "ganz Ouer"



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.