Apropos vum Michelle ReiterDéi eegen Hetzcampagne

Si mir et net selwer déi, déi eis am meeschten hetzen?

De Moien, wéi äre  Wecker gaang ass, wat huet Der du gemaach? Sidd Der direkt schonn am Kapp de Programm vum Dag duerchgaang, nach ier Der iwwerhaapt e Fouss aus dem Bett hat. Dir huet Kaffi gedronk ouni Iech och nëmme mat engem hallwen hënneschte Bak ze setzen a lo hänkt der ugespaant hannert dem Steierrad a sidd gestresst well et net viru geet. Dee Blödrian do léisst Iech net raus. Als Revanche wäert Dir Iech awer lo bei der nächster Opfahrt sou richteg gutt virdrécken. All dat fält engem dacks mol net méi op.
Mä alleng schonn nëmmen, wann ech dat opzielen misst Der fillen, wéi d'Häerz méi séier klappt, wéi Der nëmmen a kuerzen Zich otemt a spiere wéi nervös Der gitt.
Den Dag huet ëmmer 24 Stonnen. An deene 24 Stonne mécht jiddereen dat wat e packt, net méi an net manner. A wann ee sou richteg iwwerleet, eigentlech kritt een dach ëmmer iergendwou alles iergendwéi gedeichselt.
'Mat' hetzen oder 'ouni'. Dat ass allerdéngs e groussen Ënnerscheed. Wie sech fir déi einfachst Saachen hei an do mol eng Minittche méi hëlt muss sech selwer net sou vill stressen an dat deet einfach nëmme gutt.
Spullmaschinn ausraumen, rupp der dupp. Dat geet och andeems ee gemelleg ee Glas nom aneren eraushëlt oder Telleren a Rou araumt. Am Endeffekt hëlt dat net vill Zäit méi ewech.
Mam Auto duerch de Verkéier kommen. Och wann den Trajet mol méi laang dauert. Déi Zäit am Stau kann ee roueg huele fir ze denken an ze tiermen an ze iwwerleeën. Well dann huet een och wierklech mol Zäit dofir. Anescht ginn d'Gedanken de ganzen Dag an hënneren eis dru fir mam Kapp bei deem ze sinn, wat mer deen Ament erliewen a bewosst solle liewen.
Oder, déi läscht Schrëtt op d'Aarbecht. Déi kann een am Rekordtempo maachen, awer och andeems een nach eng Kéier gemelleg an express roueg e bësse frësch Loft anotemt.
Den Ënnerscheed, vläit alt rëm eng Minittchen, déi et sech lount a säin eegene Confort ze investéieren.
Tjo, an sou ginn et masseg Situatiounen an deenen ee méi gemelleg duerch den Dag ka kommen. Komesch, dass et esou vill Ustrengung kascht fir sech manner unzestrengen.
Owes fir Heem rëm dat nämlecht. Einfach am Auto mol, wann d'Zäit rennt an d'Kilometeren net, un d'Schweden denken, déi sech soen: wéisou sollt ech d'Recht hunn éischter doheem ze sinn, wéi deen aneren?
Ärer Fantasie, ärem Dagesoflaf iwwerlooss, wou Dir Iech e klengen, oder an dësem Fall e kuerze Kaddo maacht.
An deem Sënn hunn d'Italiener dee richtege Sproch fir esou Situatiounen: Chi va piano va sano va lontano. Wie lues mécht, kënnt méi wäit an dat och nach gesond.
D'Welt ass voller Hetz-Campagnen, mir mussen net och nach all Dag op en Neits eng géint eis selwer starten.

10/11/2015 A Propos : Déi eegen Hetzcampagne'



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.