Apropos vum Rich SimonGorillas in the Mist

Déi leschte Woch ass e Reportage iwwer déi 44 Joer ale Gorillamadame Koko op der Tëlee gewise ginn, déi duerch Zeechesprooch mat Mënsche ka kommunizéieren

Nodeems de Rich Simon deen Documentaire gesinn hat, ass him nees agefall dass hien duerch ee Film iwwer d'Gorillaen fir déi éischte Kéier an Afrika geflunn ass. Am „Gorillas in the Mist“ gëtt d’Geschicht vum Diane Fossey erzielt. Enger Amerikanerin déi sech a Ruanda fir d’Gorillaen agesat huet. Deen Asaz huet se musse mat hirem Liewe bezuelen.

De Film huet mech deemools esou faszinéiert, dass ech just een Zil hat. Genuch Suen zesummen ze kréien, fir bei d’Gorillaen an de Ruanda ze fléien. Ugangs de 90er war et dunn esou wäit. Mat Ruck- a Schlofsak sinn ech fir d‘éischt op Bujumbura geflunn. Um Fluchhafe vun der burundescher Haaptstad ass dunn een Taxichauffeur op mech duerkomm. Ënnerwee fir an d’Hotel hunn ech him erzielt, dass ech wéilt weider an de Ruanda fueren an de Philippe, esou de Numm vum Chauffeur, huet gemengt hie kéint mech dohinner bréngen. Hie kéim nämlech aus Ruanda. A menger jugendlecher Naivitéit hunn ech jo gesot. Nodréiglech war et awer déi beschten Decisioun déi ech konnt huelen. Vun deem Dag u waren de Philippe an ech während 5 Wochen een Team. Praktesch all Dag hu mir mussen un sengem alen Datsun , dat war fréier mol eng Autosmark, schrauwe fir dass den Auto nees operationell war. Et goufen net vill Deeler um Auto déi mir an där Zäit net gewiesselt hunn. Vun de Platten déi mir praktesch all Dag hate guer net ze schwätzen. Glat Pneuen, sinn duerch bësse manner glater ersat ginn. Alles dat waren awer Highlights fir mech. Speziell erënneren ech mech awer wéi ech ee Videorecorder gefléckt hunn. Dat ganzt Duerf huet nogekuckt, schliisslech war et och den eenzege Video deen et am Duerf gouf an dee bestëmmt schonns dausend Mol de selwechte Film ofgespillt hat.

Apropos Film. Wéinst esou engem sinn ech jo an Afrika geflunn. Lo hat ech dat schonns bal vergiess….
 
D’Gorillaen ware mäin Zil. Zu Ruhangeri um Fouss vun de Virunga Bierger goufe guidéiert Touren ugebueden. Streng limitéiert. 5 Leit bei 5 Gorillafamille pro Dag. Méi net. D’Chancen esou eng Plaz ouni Reservatioun ze kréie ware ganz kléng. An eng Reservatioun hat ech net. Déi hate sech schonns zum gréisstendeels Tour Operatoren fir vill Sue geséchert. An hei war et nees gutt dass de Philippe bei mir war.

Iergendwéi huet hien et fäerdeg bruecht, dass ech bei enger Grupp konnt mat goen. Ouni dass ech hu musse vill Schmiergeld bezuelen. Wéi dat deemools gaangen ass weess ech haut nach net. De Philippe sot einfach hien hätt ee kannt deen ee kannt hätt. Dir wësst schonns….

D’Erliefnis nieft engem Gorilla ze setzen ass och haut, bal 25 Joer méi spéit, nach ëmmer eppes un dat ech mat Héngerhaut zeréck denken. Mam Philippe hat ech nach kuerz Zäit Bréif-Kontakt. Deen ass op eemol ofgebrach.

Am Abrëll 1994 huet de Genozide am Ruanda ugefaangen. Tëscht Abrëll a Juli goufe ronn 1 Millioun Tutsi vun extremisten Hutu ëmbruecht. Déi sougenannten ziviliséiert Länner hunn deemools ganz laang einfach ewech gekuckt.

Ech weess net op de Philippe een Tutsi oder een Hutu war? Et war während deene 5 Woche wou mir zesummen ënnerwee waren ni een Thema. Well de Kontakt awer praktesch vun engem Dag op deen aneren ofgebrach ass, sinn ech mir sécher dass hien dem Genozid zum Affer gefall ass. Hien hat et wahrscheinlech net gepackt fir an Ost-Zaire ze flüchten.

Iergendwéi erënnert dës Geschicht mech dach ganz staark un dat wat haut an eiser Welt lass ass.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.