Apropos vum Sandra MélanChrëschtdagsstëmmung

A bësse manner wéi annerhallwem Mount ass Chrëschtdag. Un sech nach eng laang Zäit bis dohin. Oder awer net?

Fir mech ass Chrëschtdag nach weit wech, dat hunn ech mol bis déi lescht Woch geduecht. Wei dunn de leschte Mëttwoch e Convoi exzeptionell vu Sëll mat Destinatioun Staat gefuer ass, hunn ech meng Meenung geännert. Et dauert net méi laang bis de 25. Dezember. Op deem Camion war e 15 Meter héije Bam deen de Chrëschtbeemche virun der Stater Gare soll ginn. En Zeeche fir mech.
Et ass also sou weit: plangen ass ugesot. Et ass de Moment komm fir sech iwwer d'Iessen, Dekoratioun an Kaddoe fir Chrëschtdag Gedanken ze maachen. A wei eng Kichelcher soll ech mat menger Duechter baken?
Ech weess net wei et Iech geet, mir fält dat nach schwéier. Ech sinn nach guer net a Chrëschtdagsstëmmung. Leit dat vläit och um Wierder? Et ass nach guer net sou laang hier, datt mir am Dag 18 Grad haten. Fir mech gehéieren niddreg Temperaturen dozou. Da mëscht een et sech  éischter doheem gemittlech. D'Wunnenge gi mat wäissen oder faarwege Luuchteketten dekoréiert. Da gëtt déi éischter traureg Ambiance vum Mount November verjot. Dat alles hëlleft datt Chrëschtdagsambiance opkënnt.
Et wëll e jo deene Persounen, déi engem wichteg sinn eng Freed maachen. An dofir brauch een Ideeën. Mee am Fong geholl ass Chrëschtdag, op e gleeweg ass oder net, e Familljefest. Fir mech ass et och en Zäitpunkt am Joer wou een déi Familljememberen ka gesinn, déi méi weit wech wunnen. Et ass e Moment vu Freed a vu Fridden. Zwee Begrëffer déi ee jidderengem an der haiteger Zäit wënscht.